Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: REVIS muss erhéicht ginn

Soziales a Solidaritéit

OGBL: REVIS muss erhéicht ginn

Haut gëtt an der Chamber iwwer d'Reform vum RMG ofgestëmmt, deen duerch de REVIS, de Revenu d'inclusion sociale ersat gëtt. Datt den RMG en neien Numm kritt, wier net wichteg. D'Montante vum REVIS missten allgemeng ugepasst ginn; och un d'Entwécklung vum Mindestloun.

auto_stories

2 min

Nora Back

"Zanter 2011 ass den RMG net erhéicht ginn. Dat ass eng Situatioun, déi einfach net kann esou bleiwen", seet d'Nora Back. Et misst séchergestallt ginn, datt de REVIS sech weider no uewen entwéckelt.

Ëm wéi vill de REVIS soll gehéicht ginn, seet d'Nora Back net.

10.000 Stéit am Land hu bis elo den RMG kritt. Ronn 9.000 dovun als Complement zu hirem Akommes, well et soss um Enn vum Mount net duer geet. Fir den OGBL misst dat Gesetz nogebessert ginn, seet d'Generalsekretärin vum OGBL, d'Nora Back.

"OGBL ass net d'Gewerkschaft vun de Besserverdénger"

An Zukunft wéilt den OGBL och déi Leit méi ënnerstëtzen, déi an der Schäi-Selbststännegkeet schaffen, an déi keng fest Aarbechtskontrakter hunn, seet d'OGBL-Generalsekretärin. Et wier och net esou, datt den OGBL d'Gewerkschaft vun de Besserverdénger wär. D'Gewerkschaft wier mat 15 Beruffssyndikater an alle wirtschaftleche Secteuren opgestallt - och am Niddreglounsecteur.

Perséinleche Parcours vun der Nora Back

D'lescht Woch war d'Nora Back op den zweethéchste Posten an der OGBL-Hierarchie gewielt ginn. Et wier kee Posten, op deen ee sech am "hierkëmmleche Sënn" géif mellen, mee de Posten hätt sech entwéckelt. Den OGBL hätt laang Zäit guer kee Generalsekretär gehat. De Poste misst, den OGBL-Statutten no, och net besat ginn. "D'Logik ergëtt, datt de Generalsekretär d'Relève vum President vum OGBL hellt. Also gëtt et kee Sënn, datt et schonn e Generalsekretär gëtt, wann de President eréischt ufänkt a senger Mandatsperiod", sou d'Nora Back.

Den André Roeltgen kandidéiert am Dezember nach emol fir seng Successioun als Gewerkschaftspresident.

D'Nora Back wäert no de Sozialwahlen am Mäerz d'nächst Joer an d'Mandat vum Generalsekretär eraklammen, bis dohinner wëllt déi nei Generalsekretärin vum OGBL weiderhin de Syndikat Gesondheet a Sozialwiese féieren. D'lescht Woch war déi geléiert Aarbechtspsychologin op den zweethéchste Posten an der OGBL-Hierarchie gewielt ginn. Si geet dervun aus, datt si an de nächste Joren d'Successioun vum André Roeltgen als Presidentin vum OGBL iwwerhëlt.

OGBL mécht Analys vu Parteiprogrammer

Den OGBL mécht keng Wahlrecommandatioun fir d'Chamberwahlen, seet d'Nora Back. D'Generalsekretärin vum onofhängege Gewerkschaftsbond kritiséiert, datt nach ëmmer keng Wahlprogrammer virleien. Fir d'Rentrée wëllt den OGBL eng Analys dovu presentéieren.