Radioen

On air

Notturno  |  The Jam - English Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Olympesch Spiller mam Virus

Sport

Olympesch Spiller mam Virus

An e puer Stonne fänken zu Tokio offiziell d'Olympesch Spiller un. Ee Joer méi spéit wéi geplangt mee trotzdeem nach ëmmer matten an der Corona-Kris. Wärend de ganze Spiller wäert kee Public an de Stadionen erlaabt sinn, an d'Athleten, an d'japanesch Bevëlkerung, déi hunn Angscht datt et wärend dem Evenement zu enger neier Well u Covid-19 Infektioune komme kéint.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et sollt eigentlech schwéier sinn ze verstoppen, datt de spektakulären Olympesche Stadion hei zu Tokio komplett eidel wäert sinn, mat der Ausnam vun e puer Dose Staats- a Regierungscheffen, e puer Delegéiert, an natierlech d'Athleten, och wann déi och just mat der néideger Distanz hier Prozessioun duerch de Stadion maache wäerten. Et wäert eng méi roueg Erëffnungszeremonie sinn, déi un d'Leed vun de leschte 16 Méint erënnere soll, mee och no vir kucke wëll, egal wéi schwéier dat hei a Japan dach den Ament schéngt.

D'Zeremonie ass fir de Fernsee gemaach, schliisslech ass et déi eenzeg Plaz wou d'Leit se gesinn, an op der Tëlee ass et och méi einfach déi 60.000 eidel Plazen ze verstoppen. De Stadion ass schéint, bleift awer eidel wärend dësen Olympesche Spiller, wéi och all aner Stadionen. Immens frustréierend a kontrovers Olympesch Spiller fänken hei a just e puer Stonnen un.

Et muss gesot sinn: et gëtt keng Begeeschterung zu Tokio. D'Ëmfroe weisen et, an d'Gespréicher déi een hei huet och: eng Majoritéit vun der Bevëlkerung wëll net datt dës Spiller statt fannen. Et gëtt ze vill Angscht datt déi vill Auslänner eng nei Well vu Covid-19 Infektioune mat sech brénge kéint. Gëschter nach huet Tokio de sechs Méint ale Rekord vun de meeschte positive Fäll an engem Dag gebrach.

D'Organisateuren hoffen datt d'Freed zeréck kennt esoubal d'Evenement wierklech mat der Erëffnungszeremonie ënnerwee ass. Mee vill Japaner sinn enttäuscht datt se d'Chance net kréien iwwerhaapt iergendeppes vun Olympia matzekréien. Dës eemoleg Geleeënheet hu si verpasst. D'Regierung encouragéiert si d'Erëffnungszeremonie haut doheem ze kucken.