Radioen

On air

De Moien  |  Genesis Owusu - Wutd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Omega 90 schéckt Recommandatiounen un all Parteien

Palliativ-Fleeg zu Lëtzebuerg

Omega 90 schéckt Recommandatiounen un all Parteien

D'Chamberwale stinn an engem Joer un. An deem Kontext huet d'Asbl Omega 90, déi sech fir d'Promotioun vu palliative Soinen asetzt, eng Lëscht mat dräi Recommandatioune respektiv Fuerderungen a Saachen Palliativfleeg erstallt. Dës Lëscht gouf un all d'politesch Parteie geschéckt, sot d'Directrice vun Omega 90, an der Hoffnung datt déi eng oder aner Recommandatioun an ee Walprogramm kéint opgeholl ginn.

auto_stories

2 min

Omega 90 ass eng Asbl déi am Beräich vun der Palliativfleeg aktiv ass. Foto: Dominik Lange (Unsplash)

Lauschterenplay_arrow

Wéi een d'Lëscht mat den dräi Fuerderungen d'lescht Woch un all d'politesch Parteie geschéckt hätt, wier och mat Nodrock ënnerstrach ginn, datt d'Parteien dës Fuerderungen an hir respektiv Walprogrammer kéinten ophuelen.

Dëst erkläert d'Nicole Weis-Liefgen, d'Directrice vun Omega 90. Si mengt och, datt dës dräi Fuerderunge liicht ëmzesetze wieren, awer e groussen Impakt kéinten hunn.

Obligatoresch Weiderbildungen an der Palliativfleeg

Zanter 2009 hätt zwar jiddereen zu Lëtzebuerg d'Recht op eng palliativ Versuergung, mee dëst wier net garantéiert.

Dëst géing un dräi Saache leien, erkläert d'Directrice vun Omega 90: De palliative Status vum Patient wier net ëmmer erkannt, vill Patiente géifen hir Rechter net kennen, an d'Majoritéit vun den Dokteren an Soignanteë wieren net ëmmer an der palliativer Fleeg ausgebilt.

Omega 90 fuerdert dowéinst fir d'medezinescht Personal eng obligatoresch Weiderbildung am Beräich vun der Palliativmedezin.

Bestëmmungs-Dokument soll a Gesetzgebung opgeholl ginn

Donieft hätten déi Responsabel vun der Asbl och gären, datt de sougenannte "PICT" an d'Gesetzgebung opgeholl géif ginn.

Dëst ass e validéiert Instrument wat Doktere kënne benotze fir de Palliativ-Status vum Patient ze bestëmmen.

Dëst Dokument géing awer am Règlement grand-ducal vum 28. Abrëll iwwer d'Palliativfleeg feelen, esou d'Nicole Weis-Liefgen.

Besser Opklärung fir Bierger

Eng drëtt Fuerderung wier d'Bierger iwwer hir Rechter besser opzeklären. Et hätt een nämlech d'Recht eng "personne de confiance" ze benennen déi, wann ee selwer keng Decisioun fir sech méi kéint treffen, dat fir ee géif maachen.

Mee vill Leit wéissten dat net, an dofir sollt eng Campagne gemaach ginn, fir d'Dokumenter iwwer de Liewenssënn an dëser Demarche méi bekannt ze maachen, esou d'Directrice vun Omega 90. Parallel dozou hätt ee konkret Iddien, wéi dës Donnéeë kéinten hannerluecht ginn:

"Logescherweis wier dat um Dossier de Soin partagé, a bis deen dann aktiv ass, wier et natierlech interessant wann een dat op MyGuichet hätt. Do bräicht ee just bei Santé/Social en Onglet ze maachen: 'Volonté en fin de vie'".