Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ondecidéiert Frontalieren

Franséisch Presidentiellen 2017

Ondecidéiert Frontalieren

Den 23. Abrëll ass den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. An et bleift spannend bis zum Schluss: Iwwert een Drëttel vun de Wieler huet sech de Sondagen no nach net fir ee Kandidat decidéiert. Dat ass och ënnert de Fransousen, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen net anescht. Vill wëlle guer net wiele goen.

auto_stories

4 min

Een ongültege Wahlziedel ofginn oder guer net wiele goen - dat ass fir eng Rei Frontalieren d'Äntwert op eng Campagne, déi vill vun hinnen als frustrant beschreiwen. "Kee vun de Kandidaten ass gutt genuch", mengt d'Nathalie. "Ech ginn net wielen", seet de Gilles. "Et gëtt ze vill Affären, ze vill Korruptioun, ma kee Programm a kéng richteg politesch Debatt."

"Medie si mat Schold"

Fir de jonke Finanzauditeur Pierre-Jean hunn d'Medien dozou bäigedroen: "Op d'Medie konnt een sech net ëmmer verloossen", seet hien. Dat wier esou guer bei der Penelope-Gate Affär ëm de François Fillon de Fall gewiescht.

D'Medien hätten dat ëmmer nees retracéiert a nei behandelt. "Um Enn ass dat ermiddend. Ech si frou wann d'Wahl-Campagnen eriwwer sinn", esou de Pierre-Jean.

Nach net decidéiert

Vill Wieler zécken nach, wiem se hir Stëmm solle ginn. D'Informatikerin Marion wëll sécher wiele goen, mee fillt sech nach net gutt genuch informéiert.

Si hätt sech net immens vill iwwert d'Wahlcampagnen informéiert. "Et huet mech genervt, fir de Kandidaten an den Debatten nozelauschteren", seet si.

Den Arnaud schafft op enger Bank zu Lëtzebuerg. Hie schwankt tëscht dem Emmanuel Macron an dem Jean-Luc Mélenchon, stellt sech awer d'Fro, wien déi beschte Chance huet fir an den zweeten Tour ze kommen.

Hie géif e Sonndeg gären e sougenannte "vote utile" maachen, also mat Bléck op den zweeten Tour. Hien kéint sech nach gutt un d'Presidentielle vun 2002 erënneren. A wéilt esou wielen, datt ee Kandidat, deen hien ënnerstëtzt, et bis an den zweeten Tour packt.

Vote utile

Mee et ginn och Wieler, déi sech hirer Saach sécher sinn: De Jean-Michel, deen um Europäesche Geriichtshaff schafft, ass fir den Emmanuel Macron. Net wielen ass fir hie keng Optioun. An och de Vote utile mécht a sengen Ae kee Sënn. Dat wier keng "erwuessen" Aart a Weis ze wielen.

Et misst een och net op all Punkt mat sengem Kandidat averstane sinn, dat wier net méiglech, fënnt de Jean-Michel, deen de pro-europäesche Programm vum Emmanuel Macron ënnerstëtzt, seng Wirtschaftspolitik awer manner.

Macron oder Fillon?

D'Bankemployée Sylvie tendéiert éischter derzou dem François Fillon hir Stëmm ze ginn, obwuel hie wéinst der presuméierter fiktiver Beschäftegung vu senger Fra a senge Kanner an der Kritik steet. "Mir gefält seng Fähegkeet weider ze kämpfen, trotz de Reprochë géint hien", seet d'Sylvie.

Si wier un der ekonomescher Politik vum Emmanuel Macron a vum François Fillon intresséiert. Do géifen Investissementer an Entreprisë favoriséiert ginn, a net eng Ekonomie vun der wirtschaftlecher Relance, wat aner Kandidate géife proposéieren.

Dem Sylvie no, géife vun enger Relance vun der Ekonomie a vum Konsum éischter Länner ewéi China profitéieren, ma net déi franséisch Entreprisen.

Mélenchon: Austrëtt aus der EU?

D'Coralie wielt fir de Jean-Luc Mélenchon. Si hätt es sat mat de Politiker, déi bis elo an der Responsabilitéit waren.

Datt de lénke Kandidat een EU-Austrëtt vu Frankräich kéint provozéieren, wann hien et net packt fir een Traité fir ee méi soziaalt Europa auszehandelen, hält d'Fuerscherin fir onwahrscheinlech.

De Pascal, ee Graphikdesigner, wëll fir de Sozialist Benoît Hamon stëmmen, och wann deen de Sondagen no net vill Chancen huet an den zweeten Tour ze kommen. Hie géif seng sozial Politik ënnerstëtzen, an seng Positiounen zur Ekologie an zu Europa.

Frontalieren: Fir d'Marine Le Pen?

"All Dag komme ronn 90.000 Frontalieren aus Frankräich op Lëtzebuerg schaffen - an ee groussen Deel vun hinne wielt Front National", sot den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker rezent an engem Interview am Tageblatt. Dat géif hie rose maachen.

Bei de leschte Presidentiellen am Joer 2012 louch d'Marine Le Pen an der Lorraine mat bal 24 Prozent vun de Stëmmen op zweeter Plaz, direkt hannert dem Sozialist François Hollande.

Mee op der Zuchstreck tëscht Metz, Thionville a Lëtzebuerg war den 20. Abrëll moies kee FN-Sympathisant opzedreiwen.

Seng Stëmm enger rietsradikaler Partei ginn, dat wier nach ëmmer een Tabuthema, mengt den Arnaud. "D'Leit trauen sech net ze soen, datt si fir de Front National wielen", seet hien. "Ma si maachen et dann awer".