Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ONE iwwer Refugiéen: "Weider op fräiwëlleg Famillen ugewisen"

Sozialsecteur

ONE iwwer Refugiéen: "Weider op fräiwëlleg Famillen ugewisen"

Den Office national de l'enfance sicht weider Famillen zu Lëtzebuerg, déi als Fleegefamill e Kand kéinten ophuelen, sot d'Generalkoordinatrice vum ONE, Pascale Arend. Vun 1.300 betraffene Kanner, sinn der den Ament 60 Prozent an Heemer placéiert a just 40 Prozent a Fleegefamillen.

auto_stories

2 min

Als Fleegefamill a Fro komme Famillen, déi um lëtzebuergeschen Territoire liewen an déi de Wonsch hunn e Kand bei sech opzehuelen. Interesséiert Persoune missten eng Selectiounsprozedur duerchlafen an déi néideg edukativ Kompetenze virweise kënnen. Bei Kanner a Fleegefamille géif et sech gréisstendeels ëm méi kleng Kanner handelen, erkläert d'Generalkoordinatrice vum ONE.

"Do ass alles probéiert gi mat den Eltere fir d'Kand selwer grouss ze zéien. Et huet sech awer leider erausgestallt, datt dat zu deem Moment net méiglech war." Aus deem Grond géif d'Kand eng Hëllefsmoossnam proposéiert kréien. Wann et sech ëm kleng Kanner géif handelen, fir déi eng enk Binding wichteg wier, da géif den ONE eng Fleegefamill proposéieren, "fir datt d'Kand net Jore laang an enger Institutioun muss sinn".

Flüchtlinge bei Privatleit: Projet leeft nëmme lues un

Den Office nationale de l'enfance hat zejoert zesumme mat der Croix Rouge e Projet lancéiert fir mannerjäreg Flüchtlinge bei Privatleit ze placéieren. Dem Pascale Arend no géif dëse Projet allerdéngs lues virugoen.

Déi concernéiert Famille missten eng zousätzlech spezifesch Ausbildung maachen. "Mir stellen ëmmer nees fest, datt d'Prise en charge an esou Fäll net sou einfach ass", seet d'Pascale Arend.

Zanter 2011 ass den ONE aktiv. Haaptzil ass d'Preventioun an d'Stäerkung vum ambulante Secteur, fir datt manner Kanner vum Jugendriichter an Heemer oder Fleegefamille musse placéiert ginn.

Demande un ONE klëmmt weider

An de leschte siwe Joer ass de Placement judiciaire mat 75,5 Prozent awer konstant héich bliwwen, mee "mir hunn d'Chance, datt Jugendriichter den Eltere méi dacks proposéieren eng Hëllef op fräiwëlleger Basis unzegoen."

Trotzdeem ass d'Zuel vu Jonken tëschent 0 a 26 Joer, déi vum ONE Hëllef kruten, offiziellen Zuelen no och vun 2016 op 2017 geklommen. Vun 2,74 Prozent op 3,01 Prozent. Fir der Demande gerecht ze ginn, gouf den ONE 2017 reorganiséiert.

Déi sougenannt CPI, Coordinateurs de projet d'intervention goufen a fënnef Guichete regionaliséiert: An der Stad, zu Esch, am Osten an am Norden.