Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netflix & Co solle méi europäesch ginn

Medierecht am digitalen Zäitalter

Netflix & Co solle méi europäesch ginn

D'EU-Kommissioun wëll, datt Online-Video-Plattformen audio-visuell Produktiounen an Europa méi ënnerstëtzen. Déi flexibel Virschrëfte vu Bréissel kéinten et Lëtzebuerg erlaben, sech als "Medien-Hub" weider z'entwéckelen, mengt de Mark Cole, Professer fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg.

auto_stories

6 min

(© Université de Luxembourg)

Online-Plattforme fir Video-Streaming sollen an der EU op d’mannst 20 Prozent europäesch Produktiounen an hirer Offer hunn. Medieberichter no leet d’EU-Kommissioun d’nächst Woch eng entspriechend Gesetzpropropse op den Dësch. D'Memberstaate sollen och d’Recht kréien, ee Bäitrag vun den Online-Plattformen ze froen, fir de Finanzement vun audio-visuelle Produktiounen.

Et ass richteg a wichteg, dass d’EU-Kommissioun fir den Internet no ähnleche Reegele sicht, ewéi se bis ewell fir d’Tëllee gëllen, seet dozou de Mark Cole, Professer fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg. Fir déi traditionell Tëleeschaînë gëllt eng Quot vun op d'mannst 50 Prozent europäeschen Inhalter.

Déi dominant Plattformen (Netflix, itunes oder Amazon Prime) kommen aus den USA a riichten hiren Inhalt bis ewell net europäesch aus. Déi rezent Netflix-Serie "Marseille" mam Gérard Depardieu wier eng vu wéinegen Ausnahm, sou de Mark Cole, mee eng mat Symbolcharakter. Ëmmerhin insistéiert grad Frankräich, datt all Anbieter vun audio-visuellen Inhalter och ee Bäitrag zur kultureller Diversitéit an Europa soll leeschten.

Konkurrenz kënnt Lëtzebuerg ze gutt

​​Anescht wéi Frankräich et fuerdert, schéngt d'EU-Kommissioun keng europawäit "Steier" fir d'Online-Plattformen z'envisagéieren. De Medieberichter no soll all Memberstaat kënnen decidéieren, ob a wéi ee finanzielle Bäitrag verlaangt gëtt. Well fir all Plattform just d'Gesetzgebung aus deem Land gëllt, wou se hiren europäesche Siège huet, géif eng gewëss Konkurrenz tëscht de Memberstaaten entstoen.

De Mark Cole gesäit kee Risiko vun engem "race to the bottom", wou een deen aneren wéilt mat enger manner strenger Regulatioun ënnerbidden. Déi geplangte Reform vun der EU-Direktiv iwwer audio-visuell Medie​ géif et Lëtzebuerg awer erlaben sech weider als attraktive Medie-Standuert ze positionéieren. De Grand-Duché wier scho laang ee "Medien-Hub", ugefaang mam Siège vum RTL-Grupp a weider bis zu Amazon an itunes.

Dass Netflix säin europäesche Siège aus Holland nees zréck op Lëtzebuerg verleet, hält de Mark Cole fir onwahrscheinlech. De Choix vum Standuert géif vu ville Facteuren ofhänken. D'Direktiv géif vill aner nei Virschrëften fir d'Online-Plattformen proposéieren, zum Beispill iwwer de Jugendschutz.

​Mediemuecht a Meenungsbildung

​D'Dominanz vun amerikaneschen Online-Plattformen suergt awer och an anere Beräicher fir Diskussiounen: D'Sozialnetzwierk ​Facebook kritt reprochéiert, datt d'Auswiel vun Noriichten, déi den Notzer gewise kritt, net neutral ass an esou d'Meenungsbildung ka beaflossen.

De Facebook-Chef Mark Zuckerberg seet, datt hien et net wäert zouloossen, datt Facebook déi ëffentlech Debatt manipuléiert. Fir de Mark Cole beweist déi Ausso an éischter Linn eppes: Datt et d'Méiglechkeet vun der Manipulatioun gëtt.

Wann Algorithmen manipuléieren

D'Dominanz vu Facebook, Google, Twitter an anere grousse Internetkonzerner, bestëmme fir Millioune Mënschen, wéi eng Informatioune se kréien. Dat wier problematesch, well kee ka kontrolléieren, ob de Meenungsbildungsprozess fair géif oflafen: "An enger Demokratie si mir drop ugewisen, ee méiglechst onofhängegen an equilibréierten Accès zu Informatiounen ze hunn, fir Entscheedungsprozesser beuerteelen ze kënnen a fir ze decidéieren, wien ee wëll wielen."

​D'Iddi vun enger onofhängeger Kontroll vun den Algorithmen, opgrond vun deenen d'Internetkonzerner Inhalter disponibel maachen, hält de Mark Cole net fir utopesch. Et géifen dozou scho konkret Iwwerleeunge gefouert ginn. Et misst een dës wichteg Entwécklung ganz genau am A behalen, well se elementar fir de Funktionnement vun enger demokratescher Gesellschaft wier.

Den Interview vum Pia Oppel mam Mark Cole: