Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Operators - Radiant Dawn: Ee liichtende Sonnenopgank

Album vun der Woch

Operators - Radiant Dawn: Ee liichtende Sonnenopgank

Radiant Dawn, ee liichtende Sonnenopgank - esou nennt de kanadesche Synth-Pop Trio Operators hiren zweete Longplayer. D'Musek ass awer ëm eppes méi villschichteg, wéi de jubiléierenden Titel et mengen deet. De Marc Clement huet an dës gläichzäiteg dystopesch an zudéifst perséinlech Plack eragelauschtert.

auto_stories

3 min

Operators sinn en Trio vu Vancouver am Kanada, deen 2016 hiren éischte Longplayer erausbruecht huet. "Blue Wave" war e Succès, besonnesch an Europa, wou Synthesizermusek generell méi Unhänger fënnt, wéi an der angloamerikanescher Sphär. D'Plack war eng weider Etapp an der laanger Libesaffär vum Frontmann Daniel Broeckner mam Sound vun der New Wave, déi hie schonn an anere Projete konkretiséiert hat, bei Wolf Parade an den Handsome Furs zum Beispill. Elo ass deen zweete Longplayer vun Operators op Last Gang Records dobaussen. Ënner dem Titel "Radiant Dawn" kachen déi dräi Kanadier eng cineastesch, retro-futuristesch Plack, déi d'Gefor vu schläichend fortschreidenden Dystopien afänkt.

D'Single "Faithless", déi der Plack virausgaangen ass, verréit séier d'Rezeptur hanner dem liewege, réie Sound, deen engem hei entgéintkënnt. Bal akribesch verfollegt den Trio vu Montreal mat elektronesche Mëttelen de Setup an d'Energie vun enger Live-Rockband. Dëst hält d'Instrumentatioun vun de Songs liicht a kloer an domat ëmsou méi effikass.

D'Atmosphären op "Radiant Dawn" si spuersam mat eenzele wonnerbar sculptéierte Synthesizer-Kläng geschaf, dacks vun der analoger Zort. De Broeckner billt a kadenzt doran düster Wourechten aus dem kollektiv Verdrängten an domat och eng Aart emotionaliséiert Politik an de Mikro. Dat Ganzt ass elektriséierend a schwieft an engem Wiesselstroum vun Hoffnungslosegkeet a Coolness, wéi hei op Despair.

D'Produktioun vun der Plack ass fein a gëtt esouwuel deenen energiegeluedenen Tracks gerecht, déi menger Meenung no op dëser Plack am Beschte gelonge sinn, wéi och der Partie Mid-Tempo Balladen, wéi "Come And See", fir déi een heiansdo ee méi séissen Zant muss matbréngen.

Datt d'Operators a grousser Form sinn an hei richteg gutt Dreem verkafen, mierkt ee beim Nolauschtere séier. D'Songs groovten a paken een, deels gewierzt mat iwwerraschend labbere Passagen, déi digitale Reproduktioune vu siwwenzeger Prog Rock gläichen. Ee bloussgestalltent Häerz, agepaakt an eng Liederjackett, ee mënschlechen Impuls, wéi eng Drëps an engem Mier vun Daten, si Biller, déi dësen Album kéinte beschreiwen. D'Stëmm iwwerrascht een dobäi ongebrach mat deene gewootste Placementer, déi de Broeckner sech meeschterhaft aus der Stëmm këddelt. Ewech lauschteren ass guer net esou einfach.

Dës Direktheet mécht aus "Radiant Dawn" vill méi wéi nëmmen 80er Joren Epigonentum. Dëse Sonnenopgank iwwer enger emotionaler Wüst hëlt ganz Bewosst op Reagan-Era Synthiepop Referenz an trëfft dach iergendwéi riicht an de Present. Eng Plack, déi och widderhuelt Lauschtere wäert belounen.