Opschaffe vum historesche SREL-Archiv: Gesetzprojet um Instanzewee

Zwee Joer nom Ofschloss-Rapport vun der Geheimdéngscht-Enquêtekommissioun, ass elo de Gesetzprojet fir d’Opschaffe vun den historesche SREL-Archiven um Instanzewee. De Staatsminister Xavier Bettel huet de Projet de Loi de 6. August an der Chamber deposéiert: Aus dem Text geet ervir, datt dräi Historiker op d’mannst zwee Joer laang solle beoptragt gi fir d’Archiven auszewäerten. Käschtepunkt: 600.000 €.

Zil vun der Recherche ass ze weise wéi de Geheimdéngscht tëscht 1960 an 2001 operéiert huet. Den Ofschlossrapport soll ëffentlech sinn. D’Recherche gëtt vun engem Comité d’Evaluatioun encadréiert, mat Delegéierte vu Regierung, Chamber an Universitéit.

D’Fuerscher kréien och d’Aufgab d’Dokumenter a Kategorien anzeuerdnen. Wat als wichteg fir d’Geschicht vum Land betruecht gëtt soll dono definitiv un d’Nationalarchiven iwwerdroe ginn. Dokumenter, déi net kënnen deklasséiert ginn, solle par konter nees zréck un de SREL goen oder zerstéiert ginn.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen