De Versuch, Deeler vun der Reform ze retten, andeems een an deene Voleten, wou ee sech eens ass, eng Decisioun hëlt, hat och kee Succès.
Fir de Pak vun de siwe geplangte Reformen opzemaachen, dofir hat sech nieft Frankräich an Däitschland och Lëtzebuerg agesat. Am Debat huet sech awer gewisen, datt do aner Länner strictement dogéint sinn. Italien a Griichenland gehéieren dozou. Si hunn awer net déi nämmlecht Grënn, wéi déi osteuropäesch Länner.
Wéi eng Grënn sinn dat? A wéi geet et elo virun?
Lauschtert d'Gespréich mat der EU-Korrespondentin vum 100,7 Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.