Radioen

On air

De Moien  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun der Weltklimakonferenz zu Glasgow

COP26

Optakt vun der Weltklimakonferenz zu Glasgow

Haut Sonnde fänkt zu Glasgow d'Weltklimakonferenz vun der UN un. Et ass den offiziellen Ufank vun de Negociatiounen, an den Ufank vun der Sich nom kollektive Wëlle vun 196 Länner méi géint de Klimawandel ze maachen an sech op d'Klimaofkommes vu Paräis ze stäipen. Eise Korrespondent Philip Crowther ass dës zwou Woche fir eis zu Glasgow an huet schonn mat de Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun geschwat.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi aner Sommete gëtt et och op der COP, der Welt-Klimakonferenz eng Erëffnungsféier um éischten Dag an duerno wärend zwee Deeg Uriede vu Staats- a Regierungscheffen aus der ganzer Welt. Och de Premier Xavier Bettel ass e Méinden um Podium. Spéitstens um Ufank vun dëser éischter Woch wësse mir, ob et zu neie Klimaziler vun den eenzele Länner kënnt.

Zwou Wochen Aarbecht fir d'Negociateuren

Leit wéi den US-President Joe Biden oder de brittesche Premier Boris Johnson sollen de Negociatiounen um Ufank vun der éischter Woch de néidege Schwong ginn. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kënnt zwee Mol op Glasgow, och an der leschter Woch.

An deenen zwou Woche ginn d'Negociateuren un d'Aarbecht: a klenge Gruppen, a gréissere Gruppen, a spontane Rendezvousen, alles fir zum Schluss vun dësen zwou Wochen op e gemeinsamen Nenner ze kommen. An dësem Fall wier dat en Dokument an e Communiqué dee beweise soll, datt 196 Länner sech kënnen eens ginn iwwer d'Mesuren déi jiddereen huele muss fir de Klimawandel ze bremsen, an och wéi a wien dofir bezuele wäert.

Déi grouss Prinzippie goufe jo zu Paräis 2015 entscheet, wärend der COP21. Dës Konferenz zu Glasgow, net 5 mee 6 Joer méi spéit wéinst der Pandemie, ass eng Zort Tëschen-Examen. Et gëtt gekuckt, ob d'Zil kann agehale gi fir d'Äerderwiermung op maximal 2 Grad Celsius, oder besser nach 1,5 Grad Celsius ze limitéieren.

D'Roll vu Lëtzebuerg op der COP26

Bei der UN-Klimakonferenz zu Paräis 2015 hat Lëtzebuerg e besonnesch wichtege Rôle wéinst der Semester-Presidence. Vun haut Sonnden un ass Lëtzebuerg ass just ee vu ville Länner déi d'Europäesch Unioun representéieren, wéi all aner Member-Staat och.

All Moie kritt all EU-Memberland gesot wat déi aktuell Positioun ass, an déi gëtt dann an de Verhandlunge verbreet, verdeedegt, an diskutéiert.

D'EU wëll jo 2050 Klima-neutral sinn, eppes wat net all Land bis elo versprach huet, d'bekannt Beispill ass China.

De Georges Gehl vertrëtt Lëtzebuerg dës éischt puer Deeg vun der Klimakonferenz an de Reunioune mat der EU. Den Haaptenjeu vum Sommet wier, endlech d'Reegelwierk vu Paräis ze finaliséieren, vu dass mir am éischte Joer sinn, wou den Accord soll ëmgesat ginn. Wichteg Froe wieren do ronderëm de Marché de carbon, ëm d'Transparenz a wéi wat gemooss an ofgerechent gëtt fir d'Länner.

Den Andrew Ferrone ass och mat der Lëtzebuerger Delegatioun op Glasgow gereest. Hien ass an der EU-Ekipp vun de Negociateuren a leed den Deel dee sech em d'Wëssenschaft bekëmmert. Zanter Paräis hätt ee Fortschrëtter gemaach: et wier ee vu 4 Grad Äerderwiermung mëttlerweil bei ronn 2,5 Grad, trotzdeem misst ee weider eropschrauwen an de Mesuren.

Wat ass e Succès fir dës COP26?

Éischtens en Akkord mat nationale Pläng, dee weist, datt d'Ziler vum Paräisser Ofkommes kënnen agehale ginn. Dat eleng schéngt onwarscheinlech. An zweetens musse Reegelen opgesat gi fir den internationale CO2-Marché, an déi méi räich Länner mussen endlech déi 100 Milliarden Dollar pro Joer bezuelen, déi si méi aarme Länner fir hir Klimaziler versprach haten.

Dacks si jo esou Saache scho virun engem Sommet entscheet. Mee an dësem Fall net. Déi zwou Woche muss haart geschafft a negociéiert ginn op der COP26.