Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Drife - Leave It All Behind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optrëtt: Angela Merkel

Bundestagswahl 2017

Optrëtt: Angela Merkel

An der SPD-Stad Tréier huet d'Angela Merkel sech kämpferesch an ontypesch no un de Leit gewisen. Virun engem gréisstendeels pro-EU-Public aus der Grenzregioun war de Projet Europa den Haaptsujet, an net wéi op anere Plazen an dësem Wahlkampf d'Gefor duerch Terrorismus oder d'Flüchtlingen. Opfälleg war d'Präsenz vu méi jonke Leit, wéi ee sech op engem CDU-Event erwaart.

auto_stories

6 min

Um Schluss goung alles ganz séier. Knapps eng Véierelsstonn, nodeems d'Angela Merkel d'Bühn virun der Porta Nigra zu Tréier verlooss huet, ass quasi déi ganz Plaz geraumt. Keng Zelter, keng Still, keng Politiker méi wäit a breet. D'Maren a seng Elteren sammelen e puer Meter virun der Stadspaart nach e puer Wahlkampfplakater. Fir déi jonk Fra ass eng Woch virun der Bundestagswahl e bësse méi kloer ginn, fir wie si wäert stëmmen: "Ech sinn net honnertprozenteg iwwerzeegt, mee wëll ech de Martin Schulz zimlech onsympathesch fannen, sinn ech éischter vum Angela Merkel iwwerzeegt. De Schulz ass vir mech een, dee just schwätzt, awer näischt mécht. D'Angela Merkel huet bewisen, datt si och eppes ka maachen."

D'Maren kritt een Dag virun der Wahl seng 18 Joer an huet d'Ried vum Angela Merkel gutt fonnt. Et wier ee gutt nokomm an et hätt een d'Kanzlerin gutt verstanen. An et wieren Themen ugeschwat ginn, déi bis elo an den Debate bëssen ënnergaange wieren, wéi zum Beispill Bildung. "Wann ee selwer Schüler ass, da kritt een d'Verhältnisser an de Schoule méi mat wéi Politiker."

EU amplaz Terrorismus

Déi däitsch Kanzlerin huet sech zu Tréier - begleet vu spektakulärer Musek - méi no um Public gewise wéi gewinnt. Mee dee Moment wou si mat hirem Programm ufänkt, ass nees alles beim Alen. Et ass eng Charakteristik vun hir, datt si ouni Opwand vun emotionaler Entrée zréck bei d'Dagesgeschäft spréngt. Hiren Optrëtt ass vun der éischter Minutt un kal a kontrolléiert, an awer seet si genau dat, wat den Tréier Public wëll héieren.

Jonk Merkel-Supporteren zu Tréier

Während Terrorismusbekämpfung, Sécherheet a Flüchtlingen den Discours op villen anere Plaze vum Wahlkampf dominéieren, sinn dës Themen zu Treier erstaunlech wéineg präsent. Amplaz schwätzt d'Kanzlerin vill vun Europa a vu Solidaritéit: "Mat all deene Kricher op der Welt gëtt eis bewosst, wat Europa fir eis ass. Mee, an dat dierfe mer ni vergiessen: Fir dee Friddensprojet muss geschützt, gestäerkt, a vir dee Projet muss geschafft ginn."

Vill Refugiéeën am Public

Datt d'Angela Merkel a Rheinland-Pfalz, just e puer Autosminutte vu Lëtzebuerg an och net wäit vun der franséischer Grenz ewech, Europa uschwätzt, ass natierlech Programm. Mee iwwert d'Flüchtlingspolitik geet quasi guer net riets - a wann ee sech am Public ëmkuckt, ass dat erstaunlech. Vill jonk Leit sti mat Plakater a Merkel-T-Shirten an den éischte Reien. A vill vun hinnen si, wéi de Mohammed, eréischt an de leschten zwee Joer an Däitschland komm. "Ech sinn aus Syrien an Däitschland komm. Hei ass alles gutt, an ech si ganz glécklech datt d'Angela Merkel haut kënnt."

De Mohammed ass keng Ausnam. Op der ganzer Plaz virun der Porta Nigra hu sech jonk Refugiéeën afonnt fir d'Angela Merkel eng Kéier ze gesinn. Praktesch alleguer schwätze si vun der Dankbarkeet, déi si an hir Frënn wéinst dem Flüchtlingssummer 2015 vir d'Kanzlerin hunn. "Ech si sou glécklech hei, datt ech d'Angela Merkel einfach muss kucke kommen", seet een. E jonkt syrescht Meedche vu 15 Joer wëllt si gesinn, well: "D'Madame Merkel ass e gudde Mënsch."

De Mohammed (éischte vu lénks) a seng Frënn

Vill Drock vu riets

Och wann d'Angela Merkel d'Thema Flüchtlinge wéineg uschwätzt, beschäftegt et awer verschidde Leit. Ëmmer nees päift e Grupp vu Leit d'Kanzlerin aus. Hire Message ass kloer: Merkel muss weg. "Mir wëllen zum Ausdrock bréngen, datt d'Politik vun der Angela Merkel an der Regierung verfassungswiddereg ass", erkläert e Mann vu 57 Joer. Hien hätt bei enger anerer Partei eng Memberskaart. Wéi eng? Déi Fro wëll hien net beäntweren.

Eng Madame vun Ufank 60 äussert och hir Positioun zu der Kanzlerin relativ däitlech: "Ech si géint d'Madame Merkel. Si hëlt onkontrolléiert Flüchtlingen an d'Land eran. Elo grad huet nach een zu mir gesot, ech sollt mäi Mond halen. Du sot ech him: Ech sinn hei doheem, du net." Fir si gëtt et keng Diskussioun, si wëllt nächste Sonndeg d'Alternative für Deutschland wielen.

Demonstranten um Bord vum Wahlkampfoptrëtt

Mee, an dat muss een esou däitlech festhalen, déi meeschte Leit am Public hunn aner Suergen. Drop ugeschwat, ass hinnen net opgefall, datt d'Flüchtlingsthematik net zur Sprooch koum. Besonnesch déi "typesch" CDU-Wielerschaft - also mëttlere bis héijen Alter, dacks wäiss, dacks iewescht Mëttelklass - wëllt de Beruff vum Fleeger stäerken oder méi an d'Bildung investéieren. "Mir mussen d'Fleegeberuffer an d'Erzéiung nees méi wierdegen." Fir hien ass awer kloer: Déi Fra, déi an de leschten zwielef Joer "einfach sou gutt geschafft" huet, déi wielt hien nach eng Kéier.

Virwëtz bei jonke Wieler

Ausserhalb vun deem Beräich, dee vir Invitéeë vun der CDU reservéiert ass, gesäit een awer och eng Rëtsch Jonker, wéi d'Jasmin an de Fabi. Si sinn Ufank 20 a wëssen nach net, wien si wielen. Fir d'Jasmin ass et déi éischte Kéier, datt hatt wielen däerf: "Ech si generell u Politik interesséiert. Ech sinn awer ganz oppen heihinner komm, a si gespaant wéi ech duerno hei erausginn." De Fabi huet zwar scho gewielt, e war awer nach ni op engem Wahlkampfoptrëtt. Hien wëllt sech einfach mol eng Kéier ukucken, wéi esou en Optrëtt ofleeft.

Am Géigesaz dozou ass de Maikel scho bal en alen Hues a Saache Wahlkampfoptrëtter. Viru véier Joer huet en sech absolut net fir d'Politik interesséiert a war och net wielen. Dat huet sech geännert: "Et muss ee sech d'Meenung vun alle Parteien ulauschteren a wësse vir wat se stinn. Ech war bei der AfD, bei der SPD an elo sinn ech bei der CDU. Duerno decidéieren ech dann, wien ech wielen." Déi Astellung hätt a sengem Frëndeskrees net jiddereen. Och seng Frëndin wéilt net wiele goen. "Et probéiert een se ze motivéieren. Verschiddener wëllen, anerer net. Mee ech mengen, a jonke Joren ass dat mam Wielen nach net esou ukomm - leider!"

De Maikel (riets am Virdergrond) a seng Frëndinn

Och wann d'Stad en SPD-Buergermeeschter huet an d'SPD un der Spëtzt vun der rheinland-pfälzescher Regierung sëtzt, Tréier "gehéiert" bei de puer leschte Bundestagswahlen ëmmer der CDU. Ob dat esou bléift muss de Wahlowend weisen. En Indice kéint awer d'Zuel vu Spectateuren bei de Wahlkampfoptrëtter vun Angela Merkel a Martin Schulz sinn. Fir den SPD-Kandidat koume just hallef sou vill Leit bei d'Porta Nigra.