Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffnung a Roserei

Franséisch Presidentiellen 2017

Hoffnung a Roserei

D'Marine Le Pen hat den 18. Mäerz hiren eenzege groussen Optrëtt am Oste vu Frankräich virum éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen den 23. Abrëll. Aktuelle Sondagen no kéint d'Spëtzekandidatin am Grand-Est bal 30 Prozent vun de Stëmme kréien. Wie sinn déi Leit, déi just am Front National eng Alternativ fir déi franséisch Politik gesinn?

auto_stories

6 min

Den Optrëtt vum Marine Le Pen zu Metz erënnert méi un e Boxmatch, oder eng Oscar-Zeremonie, wéi un e politesche Meeting: An enger riseger Arena leeft haart Musek an et gëtt eng Lightshow. Et gesäit een der Spëtzekandidatin vum rietspopulistesche Front National un, datt si den Optrëtt virun de Ronn véier Dausend Leit genéisst.

Frankräich de Fransousen

An d'Spectateure mussen net laang waarden, bis "notre Marine Présidente" lancéiert ass. Si seet, si wéilt dem Vollek nees d'Wuert ginn an d'Land nees "an d'Uerdnung bréngen". De Kampf géint Kriminalitéit an Terrorismus wéilt si zur Prioritéit maachen. A si wier domadder déi eenzeg Kandidatin, déi sech traut, dës Chantieren unzegoen, sou d'Marine Le Pen.

Et sinn Aussoe wéi dës, bei deenen d'Leit opsprangen, mat hire Fändele wénken. An ëmmer erëm sangen, "on est chez nous, la France au Français".

Ee wäisse Public

Eng Stonn virum Optrëtt ass d'Arena scho bal voll. Et si souwuel jonk, wéi eeler Leit do, Männer wéi Fraen. Leit an Jeans genee wéi och Leit am Costume. Déi ganz Gesellschaft schéngt representéiert ze sinn. Just, hei ass se quasi zu 100 Prozent wäiss - egal ob am generelle Public oder op den Éiereplaze fir de lokale Front National.

Wie sinn déi Leit, fir déi d'Marine Le Pen déi eenzeg politesch Alternativ a Frankräich ass? Déi an der Europäescher Unioun, dem Islam an dem Euro de Feind gesinn? An am "Marine Presidente" eng Erléiserin?

Eng Fra, equipéiert mat engem T-Shirt vun der Campagne an engem ugespéngelte Wahlkampflogo, ass zum Beispill komm fir ze gesinn, ob d'Marine Le Pen d'Saache kéint veränneren. Ënnert deenen anere Parteien wier net vill geschitt.

"Meng Jeanne d'Arc"

Et fält op, datt zu Metz dacks just vun der Persoun Marine Le Pen geschwat gëtt, an net vum Front National als Partei. Dee Persounekult gëtt besonnesch op alle Fändelen, T-Shirten, souguer op de Bechere fir d'Gedrénks däitlech. Iwwerall steet Marine. E Virnumm, dee fir vill Leit hei déi personifizéiert Hoffnung ass.

An zum Personnage vum Marine Le Pen empfannen hir Sympathisanten e perséinleche Bezuch. Eng eeler Madame an der éischter Réi erkläert, firwat si Front National wielt:

"Well ech Patriotin sinn a well ech mengen, datt ee sech muss bewegen, eppes muss maachen. Soss hält de Fridden net méi laang an eisem Land. Ech hunn een immense Respekt fir d'Marine Le Pen. Si ass eng Fra mat engem exzeptionelle Courage an enger exzeptioneller Intelligenz. Si ass eis Hoffnung fir Frankräich ze retten. Si ass meng Jeanne d'Arc."

Roserei géint déi "etabléiert Parteien"

Mee och vun der Marine Le Pen hirem Wahlprogramm hu sech vill Leit iwwerzeege gelooss. Sympathisanten nennen de Kampf fir déi "kleng Leit" an d'Gefill vun Heemecht. D'Marine Le Pen géif genee senge Virstellungen entspriechen, sou ee Mann: "Et ass deen eenzege Programm, dee mir entsprécht. Fir et vulgär ze soen: Déi aner Programmer sinn een eenzege Schäiss. Et sinn ëmmer déi Kleng, déi musse bezuelen."

Et ass d'Onzefriddenheet mat den etabléierte Parteien, déi vill Leit bei de Front National dreift. Wann een d'Nimm vun de Kandidate François Fillon oder Emmanuel Macron uschwätzt, schléit engem eng onwahrscheinlech Roserei entgéint. D'Supportere vun der Marine Le Pen wëllen eng radikal Ännerung.

Eng politesch Alternativ

Vu Vertrauen an de Rescht vun der Politik ass net vill ze héieren. Ee Sympathisant ass iwwerzeegt, datt Frankräich am Gaangen ass, wirtschaftlech ënnerzegoen. "Et gouf eng Alternance tëscht Droite a Gauche an dorausser ass ni eppes Guddes ervirgaangen."

Ähnlech gesäit eng Sympathisantin d'Situatioun: Et hätt ee lénk a riets Regierunge gehat, an et wier ëmmer dat nämmlecht dobäi erauskomm. Also probéiert een elo Mol d'Marine Le Pen. Ëmmerhi wier hat "besser wéi säi Papp".

Et ginn awer och aner Fäll. Eng jonk Fra, Ufank 20, ass bei den Optrëtt vun der Marine Le Pen komm, fir sech Mol e Bild vum Wahlkampf ze maachen: "Als éischt fir ze gesinn, wat esou ee presidentielle Meeting eigentlech ass. Ech sinn net aus Iwwerzeegung hei, mee fir ze gesinn, wat si ze soen huet." Obwuel si ee Fändel mat der Opschrëft "Marine Presidente" am Grapp hält, géif si sech eréischt nom éischte groussen Debat op der franséischer Televisioun entscheeden.

Roserei op d'Press

Um Meeting sinn och d'Marguerite an den Etienne. Déi zwee Studenten analyséiere fir eng Aarbecht op der Uni, wéi d'Presidentschaftskandidate kommunizéieren. Am Géigesaz zu de Meetinge vun den anere Kandidaten, wieren d'Leit bei der Marine Le Pen enorm rosen, seet den Etienne:

"D'Leit hunn Insultë gejaut géint de Macron an de Fillon, a géint d'Journalisten. D'Leit si wierklech heihinner komm, fir hir Roserei erauszespäizen. Ech hat wierklech d'Gefill, datt d'Leit déi hei waren, es sat hunn."

Trotzdem schwätzen déi meescht Leit oppe mat der Press. Jiddefalls ier d'Marine Le Pen op d'Bühn geet. Dono kippt d'Stëmmung op eemol séier.

D'Vertrieder vun der Press goufen an d'Mëtt vun der Hal gesat. Mëtten an d'Arena, souzesoen - an d'Kandidatin konfrontéiert de Public mat Aussoen, wéi dëser: "Dir hutt verstanen, datt de System sech ëm all Präis wëll erhalen. An en erfënnt egal wat fir Chimèren, fir d'Leit ze täuschen, fir de Konservatismus z'erhalen. An Dir hutt och verstanen, datt d'Medie mat alle Mëttele versichen, d'Iwwerliewe vun deenen nämmlechten z'assuréieren." Am Sall buhen d'Leit.

An esou engem Moment ass een der Mass ausgeliwwert. Elo, wou d'Press als Feindbild identifizéiert gouf, kucke véier Dausend Leit mat Roserei an Haass am Bléck op een erof. An de Mikro schwätzen? Well elo kee méi. Déi jonk Fra, déi virun der Ried vun der Marine Le Pen nach net wousst, wie se géif wielen, gëtt elo keen Interview méi. Wat vir op der Bühn gesot gëtt, schéngt einfach akzeptéiert, Meenungen einfach iwwerholl ze ginn.

Déi Gutt géint déi Béis

D'Marine Le Pen huet de Public elo am Grëff. An et ass ganz däitlech, firwat. D'Kandidatin vum Front National stellt dës Wahlen als e Kampf duer: Déi Gutt géint déi Béis. An hir Wieler kréien de falschen Androck, si géife fir dat eenzegt Richtegt kämpfen.

"Iwwer eis Differenzen, eis Sensibilitéiten, eise Parcours, eis Originnen, eist Geschlecht, eisen Alter, eis reliéis Iwwerzeegungen eraus, kämpfe mir zesummen an deem schéinste Kampf, deen et gëtt. Mir kucken, datt Frankräich nees Frankräich zréck gëtt."

D'Marine Le Pen weess sech z'inzeenéieren. An hir véier Dausend Unhänger zu Metz liesen hir all Wuert vun de Lëpsen of.