Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orbán erausgeheien - firwat grad elo?

​EU-politesche Wocheréckbleck

Orbán erausgeheien - firwat grad elo?

An der EVP sténken d'Lompen an et gëtt méi enk fir d'Fidesz-Partei vum ungaresche Premier Viktor Orbán. Kënnt et dës Kéier zum Broch? Wann een op déi laang Geschicht vun deem Sträit kuckt, ass dat och dës Kéier alles anescht wéi sécher.

auto_stories

1 min

D'radio 100,7-EU-Korrespondentin Danièle Weber / Foto: Elke Weber (Archiv).

Déi ungaresch Fidesz-Partei ass dat schwaarzt Schof an der Famill vun de chrëscht-konservative Parteien, déi an der Europäescher Vollekspartei (EVP) regruppéiert sinn.

Am aktuelle Sträit geet et ëm Anti-EU-Plakater, op deenen nieft dem Amerikaner George Soros och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ze gesinn ass. Dorënner steet: "Och Dir sollt gewuer ginn, wat Bréissel wierklech wëlles huet". Dat ass zum Beispill: "Bréissel wëllt d'illegal Migratioun ënnerstëtzen" an ähnlech Behaaptungen.

Dat ass net nei, déi ungaresch Regierung huet scho méi där Campagnen organiséiert. All kéiers war d'Opreegung grouss, mee bis elo ass et ni zu dozou komm, datt d'Fidesz erausgepucht gouf.

Ass et dës Kéier anescht?

Net onbedéngt, fënnt d'EU-Korrespondentin vum radio 100,7. Well an der EVP stéisst de Viktor Orbán mat senger Politik net nëmmen op Kritik.


Lauschtert d'Gespréich mat der 100,7-EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.