Ee Grond wieren déi weiderhin héich Infektiounszuelen, dat géif fir d'Tracing cellule vill Aarbecht bedeiten an et wier doduerch schwéier fir d'Fäll an de Schoulen ze analyséieren. Doduerch géife sech Retarden accumuléieren.
Anerersäits géife positiv Testresultater och heiansdo eréischt virleien, wann de Moment scho komm wier fir de Rescht vun enger Klass och ze testen. Zum Beispill well et heiansdo e puer Deeg dauert, bis eng Persoun mat engem Covid-Verdacht och effektiv e Resultat huet. D'Referenzperiod, wéini de leschten Dag war, géif dann ermëttelt ginn.
Dacks kéint de Fall eréischt de fënneften oder sechsten Dag confirméiert ginn, an deen Dag selwer mussen d'Ordonnancen och erstallt ginn.
Eng Ordonnance am Fall vu Retarden
Den Educatiounsministère ass d'Ordonnancen an d'Tester zoustänneg, wann ee positive Fall an enger Klass opdaucht. Deen Ament soll déi ganz Klass vum Rescht vun der Schoul getrennt ginn, bis dann um sechsten Dag nom Risikokontakt jiddweree getest gëtt.
Am Prinzip maachen dat mobil Testekippe vum Staatslabo, déi bis zu 700 Tester den Dag an de Schoule kënnen assuréieren. Wann et zu Retarde kënnt, kréien d'Schüler an Enseignanten amplaz eng Ordonnance fir sech selwer an ee Laboratoire testen ze goen.
Soubal zwee oder méi positiv Fäll an enger Klass bekannt sinn, ass nees d'Inspection sanitaire fir d'Ordonnancen zoustänneg. Dat, well dann och iwwer eventuell Quarantäne muss entscheet ginn, erkläert de Gilles Dahmen.