Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orpéa: Doutéis Finanzpraktike mat Lien op Lëtzebuerg

Weider Revelatioune vu Mediapart

Orpéa: Doutéis Finanzpraktike mat Lien op Lëtzebuerg

De franséische Grupp Orpéa deen honnerte vun Altersheemer bedreift geréit ëmmer méi an e schlecht Liicht: E Mëttwoch huet Investigate Europe en Artikel verëffentlecht, deen op doutéis Finanzpraktiken hiweist. Am Zentrum steet dobäi eng Lëtzebuerger Holding.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zënter der Publikatioun vum Buch Les Fossoyeurs ugangs dës Joers steet de Grupp ënner dem Verdacht, mat illegale Methode Geld ze verdéngen. A Frankräich leeft dowéinst schonn eng Enquête. D'Revelatioune vu Mediapart vun e Mëttwoch betreffen déi Lëtzebuerger Holding Lipany, si gouf 2007 gegrënnt a konzentréiert eng 92 Millioune Parten, haaptsächlech vu CIPAen déi vun Orpéa geréiert ginn.

Patron ass de Roberto Tribuno, Chef vun der Orpéa Italien. Mee d'Holding huet Mediapart no nach ni Benefice gemaach oder Dividenden ausbezuelt. Orpea verweist op Nofro hin op eng lafend Enquête, vum Finanzchef Sébastien Mésnard hätt ee sech scho getrennt.

Orpéa huet jo och zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun ugefrot fir en CIPA zu Märel, d'Prozedure wiere bal ofgeschloss, an e puer Woche géif et gréng Luucht ginn, erkläert op Nofro hin d'Familljeministesch Corinne Cahen. Hir wieren d'Hänn gebonnen.

"Ech hunn extrem Bauchwéi.. Als Minister muss ech mech awer un d'Gesetzer halen, ech kann net ufänken à la tête du client ze decidéieren, ob een en Agrément kritt oder net, mir hunn Texter.. Deen neien Text deen ënnerwee ass, ass méi streng, mee deen ass awer nach net do. Do si mer amgaangen d'Amendementer virzebereeden, mir hunn do e puer Oppositions formelles vum Staatsrot kritt. En attendant, wou deen Text net do ass, muss ech mech un deen Text halen, deen do ass. Ech muss awer och dobäi soen, datt Orpéa virun allem wéinst finanzielle Saachen am Gedrécks ass a mir um Familleministère hu bis elo guer näischt bezuelt a wäerten och näischt bezuelen."

Mat internen Auditten a Plaintë wëll de Grupp säi ramponéierten Image lo nees opbesseren. Ma an de franséische Medie gouf gëschter schonn eng nei Affär opgedeckt: Direktere vun der Akafszentral vun Orpéa Kaufrog hu pro Joer bis 400.000 Euro verdéngt. Vill Froe stinn hei nach op.