Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi orthodox Kierch zu Lëtzebuerg wëllt apolitesch sinn

Glawen a Politik

Déi orthodox Kierch zu Lëtzebuerg wëllt apolitesch sinn

Déi russesch-orthodox Kierch bei der Stäreplaz ass eng vun de Plazen hei am Land wou sech dëser Deeg Russen an Ukrainer zesummefannen. Obwuel d'Roll vun der russesch-orthodoxer Kierch am aktuelle Krich net ganz onëmstridden ass, kommen all Sonnde vill Leit heihin, fir zesumme fir de Fridden an en Enn vum Konflikt ze bieden. Mat politesche Froen wëllt een hei léiwer näischt ze dinn hunn.

auto_stories

3 min

Eng voll Kierch a Leit déi bis zur Dier raus stinn: Iwwer 150 Leit hu sech e Sonndeg zesummefonnt fir d'Fest vun der Orthodoxie an der russesch-orthodoxer Kierch um Lampertsbierg ze feieren. Fraen, Männer a Kanner vu verschiddensten Originne waren an d'Kierch komm fir den Ufank vun der Faaschtenzäit ze feieren. Déi russesch-orthodox Communautéit zu Lëtzebuerg besteet nämlech bei wäitem net nëmmen aus Leit mat russesche Wuerzelen. Ënnert anerem Mënschen aus der Ukrain, Belarus, Georgien, Moldawien an souguer Ethiopien fanne sech zanter Joren hei friddlech zesummen fir ze bieden.

De Père George, deen zanter méi wéi zéng Joer hei Paschtouer ass, ass frou iwwert d'Diversitéit vun de Gleewegen déi all Kéiers de Wee an d'Kierch fannen. Zesumme géif een hei fir de Fridde bieden, ma aus politesche Theme wëllt ee sech awer raus halen.

"Je demande à mes fideles d'etre des artisans de paix, c'est à dire de vraiment etre des artisans de paix comme l'evangele nous le dise."

Et géif een all d'Communautéite respektéieren an als Kierch wéilt een eng Plaz sinn, déi d'Leit zesummebréngt.

Zu Lëtzebuerg géif d'Communautéit zesummenhalen

Och Lëtzebuerger déi zum orthodoxe Glawe konvertéiert sinn, fënnt een an der russesch-orthodoxer Communautéit erëm. D'Antonia ass pensionéiert an hëlleft reegelméisseg an der Kierch. Fir si huet Politik näischt an der Kierch verluer, hei géif et just ëm e friddlecht Zesummeliewe goen.

"Mir halen zesummen, dat sinn alleguerten Orthodoxen. Ob mer lo Serben sinn, Russe sinn, egal wien, awer mir halen zesummen. All Sonndes. Dat ass wonnerbar."

Et gëtt allerdéngs am Moment eng politesch Diskussioun ronderëm déi russesch-orthodox Kierch. Hire Chef, de Patriarch Kyrill I. gëllt nämlech als e bekannte Frënd vum russesche Präsident Wladimir Putin an huet bis elo refuséiert sech géint de russeschen Ugrëff op d'Ukrain ze positionéieren. Aus der orthodoxer Communautéit weltwäit gouf et dofir scho vill Kritik. Anescht wéi zum Beispill an der Ukrain, gëtt de Patriarch Kyrill zu Lëtzebuerg awer nach ëmmer an d'Gebiet mat ageschloss.

Déi éischte Kéier an där ukrainesch Flüchtlingen an enger Mass waren

Dëse Sonndeg waren dann och fir eng éischte Kéier Flüchtlingen aus der Ukrain bei der Mass dobäi. Si sinn hei zu Lëtzebuerg bei hirer Famill ënnerkomm. Ma och op russescher Säit ginn et Kontakter zur Famill am Ausland. Sou zum Beispill beim Ekaterina. Hir Eltere liewen nach zu Moskau an hirer Cousine ass et elo gelongen aus Russland eraus ze kommen.

"Ich habe gerade heute in der Früh erfahren, es ist ihr gelungen Russland zu verlassen. Sie hat gesagt, dass das was dort jetzt passiert schrecklich ist und sie hat gesagt, dass in der Schule jetzt sogar Politik unterrichtet wird. Politische Ausbildung quasi für Putin."

An der russesch-orthodoxer Communautéit ass ee sech bewosst, datt de Krich och zu Skepsis géintiwwer der russescher Populatioun hei am Land féiert. De Père George wëll awer drop opmierksam maachen, datt et zu näischt féiert déi russesch Matbierger ze attackéieren.

Och an de kommende Wochen wäerte sech déi Gleeweg vun der russesch-orthodoxer Kierch Sonndes bei der Stäreplaz treffen fir fir en Enn vum Konflikt ze bieden.