Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouni Erënnerung keen Nodenken

Fräie Mikro

Ouni Erënnerung keen Nodenken

Wann 1989 fir vill Länner Fräiheet an Opbroch bruecht huet, war dat net iwwerall esou. De 4. Juni geet d'Regierung zu Peking mat Gewalt géint chinesesch Staatsbierger vir, déi Reformen a Mënscherechter wollten duerchsetzen. D'Welt entdeckt d'Muechtverhältnisser duerch eng emblematesch Foto: e schmuele jonke Mann, dee sech, mat sengen Akafstuten am Grapp, virun d'Panzere stellt.

auto_stories

4 min

D'Simone Beck erënnert un de Massaker vun der Tiananmen-Plaz. Foto: Archiv

Haut ass et eng Woch hier, datt zu Peking nees eng Kéier eppes net stattfonnt huet. De 4. Juni waren et 30 Joer, datt op der Plaz vum Himmlesche Fridden jonk Mënsche voller Hoffnungen vun hirer Regierung ermuert si ginn. An zanter där Zäit dierf net un deen Dag erënnert oder geduecht ginn, esouguer um chineseschen Internet fënnt een näischt, wann een de 4. Juni 1989 agëtt. Et kann een awer duerno Besuch kréien.

1989: den Ufank vun enger neier Welt?

1989 war och op eiser Säit vun der Welt e wichtegt Joer: de Kale Krich war eriwwer, d'Berliner Mauer ass gefall an déi fréier Ostblockstaaten goufe vu Moskau onofhängeg. Nach fir zwee Joer sollt mam Mikhail Gorbatchow an der Sowjetunioun e Mann un der Spëtzt stoen, deen Hoffnung an Oppenheet verkierpert huet.

Protester zu Peking...

De 15. Mee - also dräi Woche virum Massaker op der Tiananmen-Plaz - war hien op Staatsvisitt zu Peking. Studenten aus deene grousse chinesesche Stied waren a fréie Summer 1989 an d'Haaptstad komm, fir de Mikhaïl Gorbatchow z'erliewen a fir géint Korruptioun, Inflatioun an hier schlecht Studiëkonditiounen ze protestéieren. No an no hu sech ëmmer méi Leit an de grousse Stied de Protester ugeschloss, déi och Mënscherechter an eng fräi Press ageklot hunn.

Wéi et kloer gouf, datt och a verschiddene Kreesser vun der Partei an der Arméi Sympathië fir dës Reforme waren, hunn d'Hardliner sech duerchgesat an d'Panzere rulle gelooss. Allerdéngs virun den An vun der Welt. Wann haut am Zäitalter vum Internet a Satellitten am Weltraum d'Chinesen et fäerdeg bréngen, Konzentratiounslager fir d'Uiguren ze verheemlechen, ass hinne virun 30 Joer net gelongen, d'Studentenonrouen ze verstoppen.

.... virun den Ae vun der Welt

Déi international Press war nämlech zu Beijing, fir dem Mikhail Gorbatchow säi Besuch ze couvréieren. Si huet fotograféiert a gefilmt wéi d'Studenten sech op d'Plaz vum himmlesche Fridden zu engem Sit-In niddergelooss hunn, wéi si den Agang zur Vollekskongress blockéiert hunn a wéi si an Hongerstreiker getruede sinn.

An der Nuecht vum 4. Juni 1989 huet dunn d'Arméi de "konterrevolutionären Opstand" niddergeschloen. Op der Tiananmen Plaz koumen honnerte Leit ëm d'Liewen, Dausende goufe verletzt. De Parteichef Zhao Ziyang gouf ofgesat a war bis zu sengem Doud 2005 ënner Hausarrest. Ofgeléist gouf hien un der Spëtzt vun der Partei vum Jian Zemin, deen zesumme mam Regierungschef Li Peng d'Land an deenen nächste Jore sollt féieren.

Konsum géint Fräiheet

Zesumme mat dëser brutaler Ënnerdréckung vu elementare Fuerderunge gouf et eng Ënnerdréckung vun Erënnerung. All Joresdeeg oder Gedenken un de 4. Juni goufe verbueden, Referenzen dozou aus dem Internet geläscht. Déi jonk Chinesen, déi duerno gebuer goufen, hunn nach ni eppes vum Tiananmen-Massaker gehéiert a gi vun der Partei an der Gitt gehalen duerch - wéinstens an de Stied - en evidente Wuelstand. Dëse Mix aus Staatswirtschaft an Neoliberalismus, dee Konsumverhalen encouragéiert, deet d'Leit gleewen, datt d'Partei Recht huet: wann ee follegt, geet et engem materiell besser.

An da wëllt een och näischt wësse vun deenen iwwer 10 Millioune Leit, déi wéinst Infrastruktur- a Bauprojeten aus hiren Haiser verdriwwe goufen, vun 30 Millioune Kanner, déi duerch vergëfte Puppelchesmëllech geschiedegt goufen, vu sechs Milliounen Aarbechter, déi d'Stëbslong hunn an net entschiedegt ginn, vun deene Millioune Kameraen, déi am ganze Land d'Mënschen iwwerwaachen.

A mir?

Awer no esou Detailer froe mir jo och net, wa mir Handelsbezéiunge mat China aginn. Déi Doudeg vun der Tiananmen-Plaz soen eis och näischt méi, well och mir d'Affer léiwer aus dem Gediechtnes verdrängen, wéi op wirtschaftlech Bezéiunge mat engem Regimm ze verzichten, déi seng jonk Leit mat Panzeren iwwerfuere léisst.

Den Historiker Tony Judt bréngt et op de Punkt: "Während 30 Joer hu mir d'Striewen no materielle Gidder zu eiser ieweschter Dugend erkläert. An der Tëschenzäit ass dëst Striewen dat eenzegt, wat mir nach als kollektiv Valeuren hunn. Mir wëssen, wat d'Saache kaschten, awer net méi wat se wäert sinn". Dat gëllt och fir kollektiv Erënnerung.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.