D'Signature vun enger Rei bilateralen Accorden a verschiddene Beräicher wiere ganz konkret Resultater vun dëser Visite. Donieft sollen d'Aktivitéite vun de chinesesche Banken zu Lëtzebuerg sech diversifizéieren a verstäerken. Och am Transportsecteur an an der Fuerschung soll et an Zukunft weider eng méi grouss Cooperatioun tëschent béide Staate ginn, esou de Xavier Bettel.
Nieft senge politesche Rendez-vouse mam chinesesche President a mam Premier huet hien och seng Roll betount, als een, deen a China d'Diere fir déi Lëtzebuerger Betriber kann opmaachen.
Zënter 45 Joer hu Lëtzebuerg a China diplomatesch Relatiounen: haut am Joer 2017 géif e gewësse Respekt béid Staate verbannen. Et hätt kee Sujet bei der Visite ginn, deen net hätt dierften ugeschwat ginn.
Lauschtert dat ganzt Gespréich vum Serge Kesseler mam Xavier Bettel