Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pabeiermarché ënner Drock

Liwwer - a Präisproblemer beim Pabeier

Pabeiermarché ënner Drock

Um Pabeiermarché ginn et Liwwerproblemer an d'Präisser gi staark an d'Luucht. D'Schwieregkeeten hu virun zwee Joer mam Optakt vun der Pandemie ugefaangen, de Krich an der Ukrain verschäerft se nach. D'Ukrain a Russland si grouss Rohstoffliefrante fir d'Pabeierfabrikatioun - ënner anerem Holz an Zellstoff kennt vun do.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De Krich an der Ukrain ass effektiv eng vun den Ursaache vun der aktueller Präishausse, seet de Roland Dernoeden, Generaldirekter vun der Imprimerie Centrale a Vizepresident vun der AMIL (Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg). "De Pabeierpräis ass an de leschte sechs Méint tëschent 40 an 80 Prozent geklommen, dat war nach ni do, esou de Roland Dernoeden. Aktuell liwwert de finnesche Marché - mee och do wier d'Situatioun fragil, well hei döi gréisste Pabeierfabrick vun der Welt am Streik ass.

Duerch de Krich ginn et awer och Problemer mam Aluminium, deen ee brauch fir Offset Placken ze maachen - am Normalfall ginn déi och an der Ukrain produzéiert.

Schwieregkeeten zënter der Pandemie

D'Problemer um Pabeiermarché hunn awer scho virun zwee Joer ugefaangen, mam Ufank vun der Coronapandemie. Wéi d'Aktivitéiten an alle Wirtschaftssecteuren erof gefuer goufen, hu si d'Geschäfter an den Dréckereie matgerappt. Et si manner Affichen, Deplianten asw gebraucht ginn. "D'Entreprisen hunn hier Kommunikatioun vill méi iwwert Internet gemaach", bedauert de Roland Dernoeden.

Wéi 2021 d'Restriktiounen opgehuewe goufen an d'Ekonomie sech erholl huet, ass d'Demande no Pabeier ass an d'Luucht gaangen. Mee d'Fournisseure konnten net méi liwweren, well se net méi genuch haten: "Et war zum Beispill vill Kartong fir den E-Commerce gebraucht ginn" - erzielt de Generaldirekter vun der Imprimerie Centrale.

E weidere Problemer fir d'Dréckereien ass aktuell awer d'Hausse vun den Energiepräisser. "Mir kennen déi net un de Client weider ginn", seet de Roland Dernoeden, "mir hunn nämlech dacks Joerestarifer - d'Clienten acceptéieren net, datt déi en cours de route erhéicht ginn".

Et ass den Appell vun den Drécker un de Public - an och zum Beispill un d'Ministèren - fir lokal ze denken an déi Lëtzebuerger Dréckereien ze ënnerstëtzten. "Mir kënnen alles maachen, wat gefrot ass", esou de Roland Dernoeden.