International Politik Palästina unerkennen

Op d'Fro un de Jean Asselborn, wéi et mat der Unerkennung vu Palästina duerch Lëtzebuerg steet, wollt hien net agoen. Lëtzebuerg soll de Staat Palästina unerkennen, mengt d'Mick Entringer.

Mick Entringer

Kommentar Mick Entringer
Mick Entringer

Wann net elo, wéini dann? Op wat gëtt gewaart?

No Zesummestéiss op der Grenz tëscht Israel an der Gazasträif mat Dosenden Doudegen, huet de Lëtzebuerger Ausseminister gëscht um Internetnoriichteportal Twitter gefuerdert, datt sech d'EU méi fir eng Zweestaateléisung sollt abréngen. Firwat fänkt de Lëtzebuerger Ausseminister net domadder un, an erkennt de Staat Palästina un? An enger ganzer Rei Interviewen huet de Jean Asselborn regelméisseg fir eng Unerkennung vu Palästina plaidéiert. Gläichzäiteg sot hien, hie géif sech eng gemeinsam europäesch Demarche wënschen.

Wann et déi awer net gëtt, mécht een dann einfach näischt, obschonns een dovunner iwwerzeegt ass, datt et dat Richtegt ass?

D'Gesetz vun der Verhältnisméissegkeet

Europa zerräisst net dorunner, datt Lëtzebuerg Palästina unerkennt. Et ass schonn zerrass. Et wier d'Geleeënheet, no vir ze goen, an en Zeechen ze setze fir aner EU-Staaten, déi eigentlech der selwechter Meenung sinn, amplaz op déi ze waarden. Et geet kengem Palästinenser besser doduerch, datt Lëtzebuerg hire Staat unerkennt. Palästina unerkennen hätt awer e staarke symbolesche Charakter, an op d'mannst de Merite, eng Kohärenz eranzebréngen, an dat wat ee seet, an dat wat ee mécht.

Natierlech fënnt kee Staat dat gutt, wa 40.000 Manifestanten un der Grenz protestéieren a Molotowcocktailen déi aner Säit schmäissen. Nu gëtt et awer mol dat ongeschriwwent Gesetz vun der Verhältnisméissegkeet. Mat Schaarfschützen zeréckschéisse gehéiert net dozou.

Lëtzebuerg steet net eleng do

Datt Gewalt an Haass géigeniwwer der israelescher Regierung an der Gazasträif an an de besate Gebidder op engem Héichpunkt ass, huet net eleng domadder ze dinn, datt d'USA hir Ambassade op Jerusalem verluecht hunn, mee virun allem och mat der Besatzungs- a Kolonisatiounspolitik vun Israel. Déi palästinensesch Populatioun huet keng wirtschaftlech Perspektiven an déi humanitär Situatioun ass extrem zougespëtzt. D'Liewen an de besate Gebidder ass gezeechent vun Humiliatiounen.

Wa Lëtzebuerg Palästina unerkennt, da steet Lëtzebuerg net eleng do, 136 Staaten weltwäit hunn dee Schratt scho gemaach. Dorënner och Schweden an Island.

Also, Jean Asselborn, op wat waart Dir? Ass et net Är moralesch Flicht, Palästina elo unzeerkennen.


Kommentar vum Mick Entringer am Panorama vun 12 Auer:

Lauschteren


Méi zum Thema

Iraneschen Ausseminister Mohammed Javad Zarif  an Federica Mogherini, Chefdiplomatin vun der EU am August 2017 zu Teheran Kommentar
Atomdeal mam Iran

Beim Atomdeal mam Iran ass Kritik ubruecht. D'EU stellt sech honnertprozenteg dohannert, mee huet dofir net déi beschten Argumenter. Et kann een hir eng duebel Moral reprochéieren, seet d'Danièle Weber.

Iran Händler Analys
Iran

Grâce à l'accord avec l'Iran sur le nucléaire, les compagnies européennes ont réalisé près de 25 milliards de dollars en 2017. Le retrait américain pourrait rendre caduc ces investissements.

Iraker op der Place Clairefontaine
Sëtzstreik vun irakesche Flüchtlingen

E puer Dose Flüchtlingen aus dem Irak organiséieren zanter véier Wochen e Sëtzstreik an der Stad. Si appelléieren un den Ausseminister. Den Irak wier kee séchert Land, an dat si zeréck kéinte goen.

Jean Asselborn
Krich a Syrien

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn condamnéiert d'Attacken op Zivilisten an der syrescher Stad Duma vu leschter Woch. Hien hofft, datt et bei dëser eenzeger Militärinterventioun bleift.

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen