De Staatspresident Emmanuel Macron huet ee vun den onbeléiftste Regierungsmemberen aus de leschte Joren duerch e ganz anere Profil ersat.
Den neien Educatiounsminister Pap Ndiaye an deem säi Virgänger Jean-Michel Blanquer hunn deels konträr Usiichten. De Pap Ndiaye kënnt aus deem Universitéitsmilieu, dee vum fréiere Minister Blanquer virgeheit krut, eng sougenannt islamo-gauchistesch Agenda ze hunn.
De schwaarzen Historiker streit allerdéngs vehement of, datt den Islamo-Gauchismus an de Wokismus richteg Ideologie wieren. Et wieren éischter Vulleschäichen, behaapt hien nach am Januar an der Dageszäitung Le Monde. Am nämmlechten Interview seet hien iwwert sech selwer, hie wier "plus cool que "woke"". Den Term "woke" ass eng anti-rassistesch Denkkultur aus den USA, déi allerdéngs och a Frankräich kontrovers diskutéiert gëtt.
Eng schwéier Missioun
De Pap Ndiay huet op der University of Virginia Geschicht studéiert. Zanter zéng Joer ass hie Professer un der Science Po, wou hien ee vun de gréisste Spezialisten iwwert d'Sozialgeschicht vun de Minoritéiten an den USA ass. D'lescht Joer eréischt war hien Direkter gi vum Musée de l'Histoire de l'Immigratioun.
Dat ass Deel vum President Macron senger Signatur: a seng Regierung dierfen och Leit ouni politesch Erfarung. Dem Pap Ndiay seng Missioun ass keng kleng: Hie muss de Ruff vum Educatiounsministère verbesseren. A Frankräich spillt d'École publique eng zentral Roll an der Promesse Républicaine. Et gëllt als ee vun den Haapt-Regulateure fir d'Chancëgläichheet. Trotzdeem ass de franséischen Educatiouns-System der OCDE no ee vun den inégalitärsten ënnert de Memberlänner.
De Pap Ndiaye schéngt seng Missioun verstanen ze hunn
Ob de Pap Ndiaye dorunner eppes ännere kann? Op alle Fall niéiert hien net, datt Schüler aus akommesschwaache Famillje systematesch diskriminéiert ginn - am Konträr zu sengem Virgänger Jean-Michel Blanquer. Trotzdeem ass hien e Verfechter vun der republikanescher Meritokratie, vun där hien "e puere Produit" wier.
Als Minister muss hien elo dofir suergen, datt de Beruff vum Enseignant nees attraktiv gëtt. Den Ament beschwéieren d'Gewerkschafte sech iwwer niddreg Paien, d'Degradatioun vun den ëffentleche Gebaier an ëmmer méi prekär Aarbechtsbedingunge fir d'Proffen.
De Pap Ndiaye schéngt dat verstanen ze hunn. Net ouni Grond war seng éischt Visitt dëse Méinden am Lycée vum Professer Samuel Paty, deen am Joer 2020 vun engem Islamist ermort gouf, nodeems hie senger Klass eng Karikatur vum Prophet Mohammed gewisen huet.