Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "An der normaler Sportswelt ukomm"

Paralympics zu Rio

"An der normaler Sportswelt ukomm"

Vum 7. bis den 18. September sinn d'Paralympics zu Rio de Janeiro: Am September trieden op d'mannst zwee Lëtzebuerger bei de Paralympics un. De Kugelstousser Tom Habscheid an den Handbiker Joël Wagener. De Luciano Fratini hofft op eng Qualifikatioun. Den Training vun de Sportler fir op deen Niveau ze kommen, ass esou haart ewéi bei Netbehënnerten, betount de President vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité.

auto_stories

2 min

De Kugelstousser Tom Habscheid (©Lëtzebuerger Paralympesche Comité)

Fir iwwerhaapt un de Paralympics kënnen ze partizipéieren, misst een haart trainéieren, seet de Marc Schreiner. D'Handbiker Joël Wagener a Luciano Fratini trainéiere sechs Mol d'Woch fir d'Selektiounskritären z'erreechen. De Luciano Fratini huet seng Selektioun dobäi nach net sécher an der Täsch - e Verdikt soll Mëtt August falen.

Lëtzebuerger wëllen net op di läscht Plaz

Den Niveau bei de Paralympics wier immens héich, esou de President vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité. Hien zitéiert de Kugelstousser Tom Habscheid, dee seet, hie wéilt net Läschte ginn.

D'Weltelite vum Behënnertesport trëfft sech zu Rio. D'Trainingskonditiounen, wéi och déi finanziell Méiglechkeeten fir d'Ënnerstëtzung vun de Lëtzebuerger Sportler sinn awer limitéiert. Demno wier eng Medaille fir e Lëtzebuerger méi ewéi eng Iwwerraschung, mengt de Marc Schreiner.

Doping, och bei de Paralympics

Den Internationale Paralympesche Comité huet eng Demande gemaach, fir russesch Sportler vun de Spiller auszeschléissen. D'selwescht wéi bei der olympescher Equipe ginn et Hiweiser op systemateschen Doping.

"Doping ass de Beweis dofir, dass de Behënnertesport an der normaler Sportswelt ukomm ass", kommentéiert de Marc Schreiner. Dat géif näischt dorunner änneren, datt Doping misst condamnéiert ginn.

Den Interview vum Sophie Morang mam President vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité:

Marc Schreinerplay_arrow