Mat 13 Fraen an enger Equipe vu 27 huet si dat Zil bal erreecht. Nach ni waren esou vill Fraen an der Kommissioun. Den aktuelle Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet néng Fraen a sengem Team.
Dräi dovu bleiwen an der Equipe vun der Ursula von der Leyen: Déi aktuell Kompetitivitéits-Kommissärin, d'Dänin Margreth Vestager, d'Bulgarin Marya Gabriel, bis elo fir Digital Ekonomie zoustänneg an d'Tschechin Vera Jourova, déi sech aktuell em d'Justiz bekëmmert.
Nicolas Schmit ass op der Lëscht
Bekannt Nimm gëtt och bei de Männer op der Lëscht: den Erweiderungs-Kommissär Johannes Hahn gouf fir d'drëtt vun Éisträich nominéiert, och de Lett Valdis Dombrovskis, de Slowen Maros Sefkovic, den Ir Phil Hogan an den Hollänner Frans Timmermans bleiwe Member vun der Kommissioun.
Fir d'Belsch geet de fréieren Ausseminister Didier Reynders an d'Kommissioun, fir Frankräich ass et déi fréier Europadeputéiert Sylvie Goulard, déi och kuerz Verdeedegungsministerin war.
Lëtzebuerg hat bekanntlech de fréieren Aarbechtsminister an aktuellen Europadeputéierten Nicolas Schmit als EU-Kommissär designéiert. Hien ass och op der Lëscht vun de proposéierte Kommissären, déi um Méindeg Mëtteg publizéiert gouf.