Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nubiyan Twist - Lights Out Feat. Nile Rodgers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parlamentswahlen an Holland

Politik

Parlamentswahlen an Holland

Kandidate vun 28 Parteien trieden haut bei de Parlamentswahlen an Holland un. Dëst mécht et fir d'Hollänner net einfach fir ze decidéieren, wéi eng Partei si wiele sollen. Bis de leschte Weekend war d'Halschent vun de Leit nach net decidéiert. E Stëmmungsbild vun Amsterdam.

auto_stories

5 min

Wahlplakater © Claudia Hansen

An de leschten Deeg virun de Wahlen huet een an Holland dacks d'Wierder "ze hebben het goed gedaan", héieren. Dat heescht sou vill wéi: Si hunn et gutt gemaach. Wa vun der leschter Regierung ënnert dem Mark Rutte geschwat gëtt, sinn d'Hollänner am Fong zefridden. D'Leit fannen och, datt de Premierminister de Sträit mam tierkesche President Recep Tayyip Erdogan an de leschten Deeg gutt geregelt an deseskaléiert hätt. Et war fir de Mark Rutte eng Chance fir ze beweisen, datt hien e gudde Regierungschef ass.

Kee Wahlféiwer

An awer ass am Virfeld vun de Wahlen an Holland kee richtegen Enthusiasmus ze spieren. A bestëmmte Punkten huet déi aktuell hollännesch Regierung nämlech d'Erwaardunge vu ville Leit net konnten erfëllen.

Si maachen et gutt, sécher, mee sozial gesinn sinn ech mer net sou sécher, an ech fannen och d’Ëmwelt immens wichteg. Ech fannen, datt si do vill ze wéineg maachen. Mir haten elo natierlech d'Kris an dat hu si gutt gemaach. Mee déi ass elo eriwwer. Et goung vill ëm Suen, mee dat ass bei wäitem net alles.

28 verschidde Parteien

28 Parteien triede bei de Wahlen un a streiden ëm d'Gonscht vun de Wieler. Dem Mark Rutte seng konservativ-liberal Partei VVD kéint am Verglach zu de leschte Wahlen d'Hallschent vun hire Sëtz verléieren. D'VDD dierft, de Sondagen no, trotzdem am meeschte Sëtz kréien.

Fir de Koalitiounspartner PvdA riskéieren d'Wahlen eng historesch Néierlag ze ginn. D'Aarbechterpartei kéint zwee Drëttel vun hire Sëtz verléieren. D'Leit sinn enttäuscht vun de Kompromësser, déi d'PvdA ëm de Spëtzekandidat Lodewijk Asscher an der Regierung agaange sinn.

Ech hunn ëmmer fir d’PvdA gestëmmt, mee et ass elo komplizéiert. Si hunn natierlech hiert Bescht gemaach, fir mam VVD zesummen ze schaffen. Mee d'Idealer déi si haten, déi hunn ech net méi gesinn. An duerfir wäert ech fir d'éischte Kéier net fir d'PvdA stëmmen. Do sinn ech schonn e bësse rosen driwwer, esou wéi vill Leit. Si hunn hiert Bescht gemaach, si hunn et net schlecht gemaach. Mee et ass keng Aarbechterpartei méi.

Chancë fir kleng Parteien

Och dowéinst dierfte vill Leit fir eng vun de ville klenge Parteie stëmmen, déi ganz bestëmmt Positioune vertrieden. Wéi zum Beispill 50+, eng Partei, déi sech no den Interesse vun der eelerer Generatioun riicht. Oder d'Partei vun den Déieren. Eng lénks Partei, déi sech fir d'Rechter vun den Déieren a fir d'Ëmwelt asetzt. Béid Parteie kéinten de Sondagen no ëm déi fënnef Sëtz am Parlament kréien.

Ech liesen d'Parteiprogrammer a schlussendlech decidéieren ech léiwer net mam Kapp, mee mam Häerz. Sou hunn ech mäi Choix gemaach an dat ass d'Partei vun den Déieren. Ech hunn net vill Hoffnung, datt d'PvdD an eng Koalitioun wäert kommen, mee ech géif et awer schéi fannen. An der Vergaangenheet ass esou eng kleng Partei wéi d’PvdD net séier an d'Regierung komm. Mee wann et dës Kéier eng Konstruktioun mat ville klenge Parteien, déi zesumme schaffen, géif ginn, da kéint ech mer virstellen, datt d'PvdD och dobäi wier.

Rietspopulisten op zweeter Plaz

Aner Leit sichen eng Alternativ bei der PVV, der rietspopulistescher Partei ëm de Geert Wilders. De Wahlprogramm passt op just eng DIN A4 Säit, an de Geert Wilders féiert kee Wahlkampf am traditionelle Sënn. Bis zwee Deeg virun de Wahlen huet de Rietspopulist sech laanscht all déi grouss Debate gedréckt. Obwuel de Geert Wilders nach net erkläert huet, wéi hie säi Wahlprogramm wëll ëmsetzen, steet d'PVV an de Sondagen op der zweeter Plaz.

Neen, do maachen ech mer net vill Suergen drëm. Bei de Wahle gëtt vill versprach, mee et geschitt duerno net vill. Et ass egal, wat fir eng Partei ee wielt, et geschitt näischt.

D'Leit si virun allem op dem Geert Wilders säi Versprieche fokusséiert, datt hie Moslemen aus Holland wéilt verdreiwen.

D'PVV, well déi eis am meeschten usprécht. Virun allem op de Punkte vun Immigratioun. Et komme Leit heihin, déi hei guer näischt ze sichen hunn an déi mol keng Flüchtlinge sinn.

Datt de Rietspopulist keng Pläng huet, fir d'Liewe vun den hollännesche Bierger op sozialem Plang ze verbesseren, këmmert d'Leit net.

Neen, dorop hunn ech mech elo net sou fokusséiert. Ech iergere mech virun allem iwwert d'Flüchtlingen. Mir mussen ëmmer méi ewech ginn. Meng Pensioun ass geschwë ganz fort.

Oppositioun rechent sech Chancen aus

Mee och d'Oppositiounsparteien hunn an de Sondagë virun de Wahlen zougeluecht. Déi sozial-liberal D66 ass déi eenzeg Partei, déi an der politescher Mëtt ka klasséiert ginn. Si kann eng Alternativ fir Wieler vu lénks wéi riets ginn. Bei der Regierungsformatioun kéint keen un D66 ëm de Spëtzekandidat Alexander Pechthold laanschtkommen.

Ech zweiwelen tëscht D66 a VVD. Si hunn allebéid gutt Standpunkten, mee ech fannen et schwéier, fir ze decidéieren. Ech fannen den Alexander Pechthold vun D66 ee méi sympathesche Mann, dat heescht, wann ech eng Persoun muss wielen, da léiwer D66.

Op der lénker Säit vum politesche Spektrum huet GroenLinks d'Spëtzt iwwerholl. Mat enger grousser Visibilitéit an de soziale Medie begeeschtert de Spëtzekandidat Jesse Klaver besonnesch jonk Leit. Déi hollännesch Gréng kréichen de Sondagen no véier Mol méi Sëtz am Parlament, wéi nach bei de leschte Wahlen.

Koalitiounspoker?

No de Wahlen stellt sech nach d'Fro vun der Regierungsbildung. Wann ee sech op déi lescht Sondagë bezitt, hu ganzer 14 Parteien eng reell Chance op e Sëtz am Parlament. D'Zuel u méigleche Kombinatioune riskéiert immens grouss ze ginn. D'Sich no enger Koalitioun kéint deemno gutt a gär e puer Méint laang daueren.