Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Partizipativ Demokratie: "Mir léieren nach"

Onlinepetitiounen

Partizipativ Demokratie: "Mir léieren nach"

13 Chamberdebate gouf et zanter der Aféierung vun den Onlinepetitiounen 2014. Iwwer 400 Petitioune sinn zanterhier deposéiert ginn - méi wéi bis dohinner zanter dem 2. Weltkrich. Den CSV-Deputéierten a President vun der Petitiounskommissioun, Marco Schank, zitt e Bilan.

auto_stories

3 min

De Marco Schank ass CSV-Deputéierten a President vun der Chamberkommissioun

Eng Erklärung fir de Succès vun den Onlinepetitioune wier dem Marco Schank no, datt et méi einfach gi wier, fir Petitiounen ze lancéieren. An et wier och méi einfach gi fir si z'ënnerschreiwen, esou de President vun der Petitiounskommissioun. Derbäi kéim, datt d'Petitioune vill vun de soziale Medien a vun der Press opgegraff géife ginn.

D’Zorte vun de Petitiounen déi d'Bierger areechen, reeche vu Déiereschutz, iwwer Transport-a Mobilitéits-Themen, Aarbechts a Soziales, bis zu Ëmweltthemen a Verfassungsfroen. Am meeschten Ënnerschrëfte krut bis elo d’Petitioun déi d'Aféierung vum Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch fuerdert. Um Stéchdatum vum 24. Oktober sinn iwwer 14.600 Ënnerschrëften zesumme komm. De Marco Schank féiert de Succès vun der Petitioun drop zréck, datt de Sujet an der Ëffentlechkeet opgegraff gi wier - esouwuel vun der Zivilgesellschaft wéi vun der Politik.

En Instrument fir Populisten?

D'Chamber wier déi richteg Plaz fir esou Debaten ze féieren, seet den CSV-Politiker. An der Chamber misst ee sech der Diskussioun op eng demokratesch Manéier stellen. D’Petitionnäre kéinten zu sechs optrieden an zesummekommen, mat den zoustännege Regierungsvertrieder an Deputéierte vun der Petitiounskommissioun an der Ressortkommissioun vum Thema. Déi Debate ginn op Chamber-TV iwwerdroen an zanter Enn 2015 hunn d’Leit d’Méiglechkeet op den Tribünen derbäi ze sinn.

D'Petitiounskommissioun géif dem Marco Schank no dorop oppassen, datt d’Petitiounsrecht net vu Populiste mëssbraucht géif ginn. Dofir géif d’Chamber sech och d’Recht huelen, eng Petitioun ze refuséieren. Fir ugeholl ze gi muss eng Petitioun verschidde Kritären erfëllen: Respekt a Seriositéit wiere verlaangt. "Mir wëllen net, datt mat der Biergerbedeelegung gespillt gëtt."

De Marco Schank gëtt zou, datt e Risiko géif bestoen, datt d’Politik no ënne géif rëtschten a sech dem Discours vu Populisten upasse géif. Beim Beispill vun der Petitioun iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch wier et wichteg, datt de Sujet thematiséiert géif ginn. An zwar op där Plaz, op déi esou en Debat géif higehéieren. An enger Demokratie wier et de richtege Wee fir dat iwwer d'Petitiounsrecht ze maachen an an de Sujet ëffentlech ze diskutéieren.

En Instrument fir politesch Bildung?

Onlinepetitioune wieren en Instrument fir Biergerbedeelegung ze léieren, fënnt de President vun der Petitiounskommissioun. "Och mir als Politiker léiere mat deem Instrument bäi." Aus den 13 ëffentlechen Debaten, déi aus Petitiounen ervir gaange sinn, soll eng Evaluatioun vum Impakt vun den Onlinepetitioune gemaach gi. Et soll gekuckt ginn ob dat, wat de Petitionnäre versprach ginn ass, och vun de Ministèren an der Chamber geleescht gouf, erkläert den CSV-Deputéierten.

Dem Marco Schank no kéint ee sech als Petitionnär awer net automatesch erwaarden, datt déi eege Cause an déi Richtung géif goen, déi ee gär hätt. "Esou ass et net, och wa verschidde Petitionnären dat heiansdo mengen."