Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuchverspéidung: Méi Rechter fir Passagéier

Passagéierrechter an der EU

Zuchverspéidung: Méi Rechter fir Passagéier

En Zuch, dee Verspéidung huet oder ausfält, dat gëtt et leider méi dacks. An Zukunft solle Passagéier an esou Fäll méi héich Kompensatioune kréien. D'Europaparlament setzt sech fir eng däitlech Verbesserung vun de Passagéierrechter an, déi an der ganzer EU gëlle sollen. Anescht wéi bis elo wier och de grenziwwergräifenden Zuchverkéier betraff. Vëlosplaze missten iwwerdeems an all Zuch zur Verfügung gestallt ginn.

auto_stories

3 min

Et ass eng Geleeënheet, fir dem Passagéier säi Liewe méi einfach ze maachen an dofir ze suergen, datt d'Entwécklung am Secteur virukënnt, sou de Constat vun der EU-Transportkommissärin Violetta Bulc. Dat europäescht Gesetz iwwer d'Recht vun de Passagéier ass zéng Joer al. D'Kommissioun hat am September eng Propos gemaach, fir et ze iwwerschaffen.

Iwwer zwou Stonnen ze spéit: 100 Prozent rembourséiert

Dem Parlament geet dee Virschlag awer net wäit genuch. De Passagéier muss méi an de Mëttelpunkt réckelen, fuerderen d'Europadeputéiert.

D'Eisebunnsgesellschaften hunn eng staark Lobby an hunn och probéiert, déi bei de Parlamentarier spillen ze loossen.

D'Passagéier beschwéiere sech am meeschten iwwer Retarden a wann Zich ganz gestrach ginn. Dat si keng Anekdoten, mee et ass vum internationale Grupp vun den Eisebunnsregulateuren a vun der Europäescher Cours des Comptes unerkannt" , seet d'Lucy Anderson vun der britescher Labour Party.

Grad wat d'Retarden ugeet mécht d'Parlament elo konkret Proposen: An Zukunft sollen d'Passagéier scho bei Retarden tëschent 60 a 90 Minutten ee Recht op en Entschiedegung vun der Hallschent vum Präis vum Billjee hunn. Bei iwwer 90 Minutte Retard wier eng Kompensatioun vu 75 Prozent fälleg. Kënnt den Zuch iwwer zwou Stonnen ze spéit, kritt de Passagéier de ganze Billjee rembourséiert.

Nëmme fënnef Länner hunn EU-Recht komplett ëmgesat

D'Bunn muss hir Hausaufgabe maachen, et goufe Lacunnen am bestoende Recht ausgenotzt, erkläert de Georges Bach, Europadeputéierte vun der CSV a Member vun der Transport-Kommissioun am Europaparlament.

Déi Rechter sinn zwar zanter zéng Joer a Kraaft, si goufen awer nëmmen a fënnef EU-Länner komplett ëmgesat. Et sinn d'Belsch, Dänemark, Italien, Holland a Slowenien.

Och grenziwwergräifenden Zuchverkéier gëtt abezunn

Geet et dem Parlament no, gëllen d'Passagéierrechter an Zukunft och fir de grenziwwergräifende Verkéier. Dat bedeit, datt zu Lëtzebuerg "substantiell méi Kompensatiounen" fälleg ginn.

Et wier awer derwäert, sech deem Challenge ze stellen, fënnt den CSV-Politiker a fréiere Gewerkschaftler. "Mir soen ëmmer de Client soll am Mëttelpunkt stoen, da musse mir dat an der Praxis och weisen."

Plaze fir Vëloen an all Zuch

Vëloen am Zuch mathuelen, datt gëtt ëmmer méi belieft. Dat geet awer just, wann den Zuch déi Méiglechkeet och offréiert. An Zukunft misst all Zuch op d'mannst aacht Plaze fir Vëloe bidden, sou d'Fuerderung vum Parlament.

D'Mobilitéit fir Leit mat engem Handicap soll och verbessert ginn. Haaptsächlech geet et drëm, dat si eng Assistenz méi kuerzfristeg kënnen ufroen.

Bei grousse Garë mat iwwer 10.000 Passagéier soll een an Zukunft kënnen nach bis dräi Stonne virun der Rees seng Demande maachen. D'Europäesch Kommissioun wollt deen Delai bei 48 Stonne beloossen. Dat war fir d'Parlament inakzeptabel, sou de Georges Bach.

Agefouert gi soll och den duerchgoenden Ticketing. Dat heescht, datt d'Rechter vum Passagéier net nëmmen op engem Deel vun der Stréck, mee vum Ufank bis zum Schluss garantéiert sinn, och wann een ëmklamme muss.

Alles dat soll dofir suergen, datt méi Leit mam Zuch fueren, a si dann och méi zefridde sinn. Mir géifen ëmmer nach an der Zäit vum Auto liewen, et sollt een d'Geleeënheet elo wierklech opgräifen an den Zuch méi belieft maachen. Deen Appell koum vun der Presidentin vun der Transportkommissioun, der Karima Delli vun de franséische Gréngen.