Bis ewell huet de Conseil supérieur vun de Gesondheetsberuffer fir eng deelweis Verallgemengerung vum System vum Tiers payant plädéiert. Dat heescht, datt d'Doktere sech vun der Gesondheetskeess rembourséiere loossen, an net d'Patienten. De President vum Conseil supérieur, de Romain Poos, seet, datt d'Patienten an Zukunft sollen d'Basis Consultatioun beim Dokter selwer bezuelen. Dës Consultatioun géif manner wéi 30 Euro kaschten. Eng Consultatioun bei engem Spezialist géif nach manner kaschten a sollt deemno och direkt vum Patient iwwerholl ginn. Alles wat driwwer geet, soll direkt vun der Krankekeess iwwerholl ginn.
Fir d'Patiente weiderhin op de Käschtepunkt vun de Consultatiounen opmierksam ze maachen, kéinten Dokteren einfach deen Undeel, dee vun der Gesondheetskeess iwwerholl gëtt, och op d'Rechnung schreiwen. Eng ëffentlech Petitioun iwwert den Tiers payant System war rezent a manner wéi enger Woch iwwert 4.500 mol ënnerschriwwe ginn a wäert de 26. Februar an der Chamber debattéiert ginn.