Patrick Dury (LCGB): "Et ass onlogesch engem nëmmen dat aktiivt Wahlrecht ze ginn"

20150502-dury-DSCF4659-1024x682.jpg

Den LCGB ass fir dat aktiivt a passiivt Auslännerwahlrecht: et wier onlogesch engem nëmmen dat aktiivt Wahlrecht ze ginn, esou de Patrick Dury.

De Risiko ass ganz kloer do, datt d’Wieler de Verfassungsreferendum de 7. Juni kéinte mëssbrauche fir d’Regierung wéinst anere Politikberäicher ofzestrofen, esou den LCGB-President an der Emissioun “Riicht eraus” hei um Radio 100,7.

D’Ursaach fir dëse Risiko wier, datt et hei am Land keng Referendumskultur gëtt, huet de Patrick Dury erklärt. Wann de Referendum scheitert, da léich d’Responsabilitéit dofir bei der Regierung. Hie géif awer keng politesch Konsequenze, wéi eng Demissioun fuerderen, esou de Gewerkschaftspresident: dat wier net serieux.

Déi ganz Emissioun "Riicht eraus": eng Stonn Interview vum Serge Kesseler mam Patrick Dury

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen