Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Leeschtungsgesellschaft iwwerdenken

Burn-out-Risiko hëlt zou

D'Leeschtungsgesellschaft iwwerdenken

Burn-out duerch Digitaliséierung, flexibel Aarbechtszäiten an Aarbechtsverdichtung. E Phänomen, deen am Finanzsecteur zouhëlt, fënnt ee bei der Association pour la santé au travail du secteur financier.

auto_stories

2 min

Burn-out op der Aarbechtsplaz huet strukturell Grënn, seet d'Patrizia Thiry. Als Ursaachen nennt d'Generaldirektesch vun der Associatioun fir Gesondheet op der Aarbecht am Finanzsecteur d'Digitaliséierung, flexibel Aarbechtszäiten, Aarbechtsverdichtung, d'Zersplitterung vun den Aarbechtsofleef.

D'Erklärunge vun de Betraffene géife sech dacks gläichen, seet d'Patrizia Thiry-Curzietti.
"D'Majoritéit seet, datt si hiren Job gär hunn an datt si de Burn-out net komme gesinn hunn." Op eemol wier de Rimm erof, d'Leit géingen et net méi packen. Vill Leit, déi si géif betreien, géife moies net méi opstoen, well si esou epuiséiert wieren.

Et géif dräi grouss Klasse vu Symptomer ginn. De Burn-out géif sech meeschtens fir d'éischt duerch kierperlech Symptomer bemierkbar maachen: Kapp- a Réckwéi an Tinnitus zum Beispill. De Verloscht vun der Konzentratiounsfäegkeet wier eent vun de méigleche mentale Symptomer. Déi lescht Kategorie sinn emotional Symptomer, seet d'Patrizia Thiry-Curzietti.

"D'Leit fänken un, een Zynismus z'entwéckelen, fir sech vun der Aarbecht ze distanzéieren. Et sinn och Leit, déi sech wéi an enger Bull Watt fillen. Si gesinn hiert Liewe virun hinnen defiléieren, mä et concernéiert si net méi."

Eng Depressioun wier iwwerdeems de leschte Stadium vum Burn-out.

Ëmmer méi Patronen vu Betriber géingen d'Problematik erkennen an eescht huelen. Dacks wiere grad déi motivéiertst a leeschtungsfäegst Salariéë vu Burn-out betraff. Der Aarbechtsmedezinerin no misst d'Leeschtungsgesellschaft iwwerduecht ginn a rechtlech Grenze gesat kréien. Als wichteg Preventioun vu Burn-out nennt d'Patrizia Thiry Luef, Unerkennung, eege Kontroll an Autonomie op der Aarbecht, Transparenz a Gerechtegkeet op der Aarbecht an eng kloer Kommunikatioun.