Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patronat: "D'Finanzhëllefe vun der Regierung ginn net duer"

Wirtschaft

Patronat: "D'Finanzhëllefe vun der Regierung ginn net duer"

Der Regierung hir Finanzhëllefe fir d'Betriber ginn am Moment net duer, seet de President vun der Union des Entreprises. Den Nicolas Buck ënnersträicht, besonnesch d'Handwierk, de Commerce, d'Restauratioun an den Tourismussecteur bräichten elo nei Hëllefen.

auto_stories

2 min

Den UEL-President ënnersträicht bei Betriber, déi weider mussen zoubleiwen, misst de Staat all déi lafend Käschten iwwerhuelen, also och de Loyer. Dës Käschte misste mat staatlechen Direkthëllefe gedeckt ginn, déi no der Kris net mussen zeréckbezuelt ginn, esou de Nicolas Buck.

"Mir hunn dräi grouss Secteure vun eiser Ekonomie, déi elo nei Hëllefe brauchen. Dat ass éischtens en Deel vum Handwierk, zweetens de Commerce, an drëttens alles, wat ech Hotellen, Restauranten an am grousse ganzen Tourismus géif nennen. An do ass eiser Meenung no kloer, datt elo méi Direktsprëtze musse kommen."

Den Aarbechtsminister steet weider an der Kritik, wéinst senger Ausso Independanten hätte kee Chômage partiel ze gutt. D'Aussoe vum Dan Kersch wieren enttäuschend, sou den President vum Patronatsverband UEL de Moien hei op der Antenn. Den Nicolas Buck hätt sech awer och Widdersproch vun engem anere Minister erwaart:

"Deen dee näischt gesot huet, dat ass de Mëttelstandsminister, de Lex Delles. Et ass un him eng Kéier e Wuert ze soen. Net nëmmen ze soen, ech ginn Iech elo Suen, mee och ze soen: Dat wat do an der Form gesot ginn ass, ass net korrekt.'"

Hie wier och net vun der DP enttäuscht, "mee wann esou Aussoe gemaach ginn, da muss och ganz kloer eng Kéier ee vu bausse kommen - e bloen Minister, oder en anere Minister, dee fir déi Clientèle zoustänneg ass - deen opsteet a seet: "Nee, dat do geet net."