Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrone kréien elo och psychologesch Hellef

Nei Hotline

Patrone kréien elo och psychologesch Hellef

"Trau dech!" - mat dësem optimistesche Slogan goufen d'Leit jorelaang dozou encouragéiert hiren eegene Betrib opzemaachen. An der Covid-Kris stoussen der awer elo eng ganz Rei vun deenen, déi sech getraut hunn, un hir Grenzen - an zwar net just ekonomesch, mee och ganz perséinlech. Den Drock ass an der Kris esou grouss, datt vill Patrone psychologesch net méi domat eens ginn. Fir datt hiert Leed net ze grouss gëtt, kréie si elo Hëllef ugebueden.

auto_stories

4 min

Den Nicolas Henckes huet all Dag mat Patronen ze dinn. Als Direkter vun der Handelskonfederatioun CLC ass et seng Aufgab d'Commercen am Land ze ënnerstëtzen, se ze beroden, an hinne Weiderbildungen unzebidden.

Meeschtens steet hien dobäi Leit géintiwwer, déi e selbstbewossten Androck maachen, Patrone wiere meeschtens gewinnt, alles ze meeschteren. "Si hunn d'Verantwortung fir alles, a si musse staark sinn. Si dierfen den Ekippen net weisen, datt et hinne schlecht geet."

D'Patrone kéinten och doheem dacks net iwwer esou Suerge schwätzen, an dat géif sech dann accumuléieren, "bis datt et platzt", esou den Nicolas Henckes.

Vill Patrone wëssen hiren Hänn kee Rot

An dat war an de leschte Wochen ëmmer méi dacks de Fall, wann dem Nicolas Henckes seng Mataarbechter bei der CLC den Telefon opgehuewen hu fir de Patronen aus dem Commerce nozelauschteren.

"De Message ass da meeschtens: ech weess net méi weider. Ech muss menge Leit elo soen, ech géif se erausgeheien, mee déi schaffe schonn 20 Joer mat mir. Ech kréien dat net iwwer d'Häerz. Wéi soll ech hinnen dat soen? Dat ass e bësse wéi meng Famill. An da kommen se wierklech an emotional Situatiounen, wou se einfach soen: ech kommen net méi virun."

Besonnesch Patrone vu méi klenge Betriber géife sech am Moment mat esou Riff no Hëllef un Handelskonfederatioun riichten, seet de Nicolas Henckes. An dat géif och seng Mataarbechter bei der CLC un hir Grenze bréngen: och d'Conseilleren oder d'Juriste géife mol a Situatioune kommen, bei deene se de Persounen net weider hëllefe kéinten a sech net gutt derbäi fillen.

Anonym Hëllef iwwer Telefon

Genee dës Situatioune wëllen d'CLC an och d'Handwierkerfederatioun evitéieren. Dofir bidde si hire Memberen eng weider Hëllef un: Commerçanten an Handwierker, déi hiren Hänn kee Rot méi wëssen, a psychologesch ugeschloe sinn, kennen sech elo wärend de Bürosstonnen anonym op enger Telefonshotline mellen, déi vun der Berodungsfirma "Pétillances" bedriwwe gëtt.

An enger éischter Etapp géif iwwer de Leit hir Suerge geschwat ginn - emotionaler oder psychologescher Natur. Da géif gekuckt gi fir d'Leit perséinlech ze treffen, alles an der Vertraulechkeet, erkläert den Tom Giardin, Managing Partner bei der Firma Pétillances.

Alles wat ee brauch, fir e Gespréich bei der Hotline ze kréien, ass e Code, den déi zwou Patronatsorganisatiounen un hir Membere verschéckt hunn. Bei Pétillances gëtt een da vun enger multidisziplinärer Ekipp beroden, haaptsächlech Aarbechtspsychologen, Therapeuten oder Assistant socialen.

Wéi déi Berodung genee verleeft, a wéi laang se dauert, géif vu Fall zu Fall gekuckt ginn, seet den Tom Girardin. Hien zitt awer eng Grenz: si géife keng klinesch Psychologie oder längerfristeg Therapien ubidden. "Do kucke mir da jee nom Bild, wat sech eis bitt, bei spezialiséiert Therapeuten ze goen."

Psychotherapie gëtt nach ëmmer net rembourséiert

Mee esou Iwwerweisunge sinn net ëmmer einfach, well hei och e finanzielle Facteur matspillt: d'Psychotherapie gëtt weiderhin net vun der Gesondheetskeess iwwerholl a muss aus der eegener Täsch bezuelt ginn.

Och dowéinst wëllt d'Handelskonfederatioun hire Membere mat der neier Hotline eng gratis Ulafstell ubidden, an nom éischte Gespréich dann eventuell och nach e puer weider psychosozial Berodungsstonne bezuelen, wann dat néideg ass, seet den Nicolas Henckes. "Wa kee Su méi do ass fir an de Betrib ze stiechen, dann ass warscheinlech och kee Su méi do fir esou psychologesch Consultatiounen ze maachen."

D'CLC als Gewerkschaft vum Secteur wier da verantwortlech fir hire Memberen an esou engem Urgencëfall ze hëllefen.

Schwéier anzeschätzen, wéi grouss de Besoin ass

D'CLC léisst sech dee Service an enger éischter Phas 5.000 Euro kaschten, a bezilt dat mat de reguläre Contributioune vun hire Memberen.

Den Nicolas Henckes betount awer, et wier ganz schwéier anzeschätzen, wéi grouss de Besoin no der neier Hëllef ass: hie wëllt net ausschléissen, datt wa vill Besoin do wier an de Budget dofir misst gehéicht ginn, datt een Ënnerstëtzung beim Mëttelstandsministère géif froe goen.

Den CLC-Direkter hofft awer, datt dat net néideg ass, a seet hie wier grad esou frou, wann de Service guer net benotzt gëtt. Dat géif drop hiweisen, datt d'Leit iwwerhaapt keng Problemer hunn an datt d'CLC sech fir näischt Suerge gemaach huet. Mee och wann ee just enger Persoun gehollef géif kréien, "dann hu mer scho gutt geschafft", esou den Nicolas Henckes.