Radioen

On air

De Weekend  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul-Henri Meyers: D'Populatioun iwwer de Kompromësstext vun 2018 ofstëmme loossen

Verfassungsrevisioun

Paul-Henri Meyers: D'Populatioun iwwer de Kompromësstext vun 2018 ofstëmme loossen

De Kompromëss-Text fir eng nei Verfassung, op deen CSV, DP, LSAP an déi gréng sech 2018 virun de Wale verstännegt haten, wier nach ëmmer e gudden Text. An de Plang vun deemools, fir d'Leit per Referendum driwwer ofstëmmen ze loosse, wier och ëmmer nach richteg, sou de Paul-Henri Meyers.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

play_arrow

Als fréieren CSV-Deputéierte hat hie maassgeblech un deem Text matgeschafft. Hie plädéiert dofir, no deem ganzen Hin an Hir aus de leschten dräi Joer op deen Text zréckzekommen, deen no der Nummer vum document parlementaire, an deem ee steet, "de 6030" genannt gëtt.

"Nodeem ee sech esou gedréint huet kann ee sech nach eng Kéier dréinen. An et kéint ee soen: Majo vläicht ass dat déi beschte Léisung. Loosse mer op de 6030 zréckkommen, a wann nach eppes drun ze änneren ass, da kann dat nach geännert ginn."

Dee Moment hätt een dann och ee méi kohärenten Text wéi deen deen am Moment virgesinn ass, seet de Paul-Henri Meyers. Deen Text kéint een de Leit dann och an engem eenzege Referendum ënnerbreeden, sou also de Verfassungsexpert a fréieren CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers.

Revirement vun der CSV war bedauerlech

Eigentlech hate sech CSV, LSAP, DP an déi gréng 2018 virun de Walen op een Text gëeenegt. A si haten u sech de Virsaz geholl, en no de Walen am Parlament unzehuelen an dann dem Vollek an engem Referendum virzeleeën. Datt d'CSV vun deem Konsens op eemol näischt méi wësse wollt, schreift de Paul Henri Meyers dem deemools frësch gewielte President vun der CSV Fränk Engel zou.

"Obscho meng Partei Joerzéngtelaang matgeschafft huet an obschonn eng Verfassungsännerung net ka realiséiert ginn ouni d'Zoustëmmung an d'Zesummenhale vun deene grousse Parteien hunn ech eigentlech net richteg verstan wéi de Parteipresident op eemol Distanz geholl huet. Ech hat d'Impressioun - deemools war jo nach de Referendum am Gespréich -, dass de Parteipresident net wollt, dass d'CSV gemeinsam mat deenen anere Parteien e Referendum fir eng gemeinsam Cause géif ënnerhuelen. Wann dat de Fall wier - wat e bësse meng Impressioun war - dann ass dat awer bedauerlech."