Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alice Phoebe Lou - Lose My Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach vu kengem Kandidat iwwerzeegt

FIFA-Presidence

Nach vu kengem Kandidat iwwerzeegt

Den FLF-President Paul Philipp wëll sech nach net festleeën, wien säi Favorit fir d'Successioun vum Sepp Blatter un der Spëtzt vun der Weltfussball-Federatioun ass.

Simon Larosche / po

auto_stories

3 min

2015 war d’Joer vun de Skandaler fir den internationale Fussball. Mat der Arrestatioun vun enger Rei héichrangege FIFA-Fonctionnairen, enger FBI-Enquête wéinst Korruptioun, déi nach leeft, an enger Spär vun aacht Joer géint de FIFA-President Sepp Blatter an den UEFA-Präsident Michel Platini.

Huet hien net d'Gefill, dass hie sech do an engem ongesonde Milieu beweegt? "Zum Schluss schonn," äntwert de Paul Philipp. Hie war am Mee zu Zürich fir de FIFA-Kongress, wéi déi éischt FIFA-Fonktionnäre fest geholl goufen. Do hätt hie sech d'Fro gestallt, a "wéi engem Theater" hien do geland wier.

WM 2022 am Qatar: Neie Vote?

Et dierft een awer och net naiv sinn, sou de President vun der Lëtzebuerger Fussbalfederatioun. Schonn zënter Joren hätt hien Zweiwel um Funktionnement vun der FIFA gehat: "Do hätt vill éischter eppes misse geschéien". Ouni Beweiser fir d'Korruptiounsvirwërf wier et elo zum Beispill awer schwéier ze soen, ob iwwer d'Verdeele vun der WM 2022 misst nei ofgestëmmt ginn.

D'FIFA wëll elo mat engem neie President rengen Dësch maachen. De Vote dofir ass de 26. Februar zu Zürich. Vun de fënnef Männer, déi untrieden, géif awer nach keen hie richteg iwwerzeegen.

Neie Stadion: Alles, wéi geplangt

Eppes ass fir de Paul Philipp kloer: Och wann den UEFA-President Michel Platini ee prominente Kritiker vum aktuellen nationale Fussball-Stadion op der Areler Stroos war, d'Spär vum Platini huet keng Auswierkung op de Bau vum neie Stadion op der Cloche d'Or. Mëtt Januar wier eng Reunioun tëscht Staat, Stad Lëtzebuerg an FLF fir iwwer de Fortschrëtt vun dësem Projet ze diskutéieren. Wéi virgesinn, sollen d'Aarbechten am Hierscht 2016 ufänken a spéitstens Ufank 2019 ofgeschloss sinn.

Déi Lëtzebuerger Nationalequipe huet d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaften op der zweetleschter Plaz ofgeschloss. Mat véier Punkten hätt een eng "korrekt Campagne" gespillt, fënnt de Paul Philipp: "Fir eis Verhältnisser hu mir a ville Matcher en exzellente Fussball gespillt".

Gro Hoer wéinst dem Luc Holtz

Am September geet d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2018 a Russland un. Lëtzebuerg ass do an engem Grupp mat Holland, Frankräich, Schweden, Bulgarien an alt nees Wäissrussland. Wann een do déi nämmlecht Leeschtung kéint bréngen, wéi bei der EM-Qualifikatioun wier de Paul Philipp zefridden.

Den Nationaltrainer Luc Holtz, deen 2010 den Job vum Guy Helllers iwwerholl huet, hätt ugangs enorm Risike geholl, "dat huet mech puer gro Hoer kascht." Mee en hätt seng Linn duerch gezunn an doduerch nees eng Spillfreed an d'Equipe era bruecht.