Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Fouss beim Mol halen"

Gesondheets- a Fleegesecteur

"De Fouss beim Mol halen"

Trotz gudde Recettë vun der Gesondheetskeess plaidéiert de President vum CNS-Direktiounscomité fir eng virsiichteg Politik bei den Depensen. De Paul Schmit fuerdert weider Strukturreformen.

auto_stories

4 min

De Paul Schmit ass President vum Direktiounscomité vun der CNS

Trotz de gudde Recettë vun der Gesondheetskeess, muss de "Fouss beim Mol gehale ginn", dat seet de President vun der CNS. Dem Paul Schmit no wären sech Patronat, Salariat an de Staat doriwwer eens. No der Kris vun 2008-2009 hätten d’Reformen am Gesondheetssecteur et erméiglecht ze spueren. Mee och mat der Gesondheetsreform vun 2011 wären d’Strukturreformen nach net ofgeschloss.

E Leitmotiv wär och an Zukunft de Prinzip vum "utile et nécessaire". Dat heescht: "dat wat soll a muss bezuelt ginn, soll ofgedeckt ginn, awer och net méi". Wat awer noutwendeg ass, misst ëmmer erëm hannerfrot ginn, esou de Paul Schmit. De medezinesche Fortschrëtt geet weider, an och d’Erwaardunge vun de Leit, seet hien. Dobäi ënnersträicht de Paul Schmit, datt et net den Objektiv vun der "Assurance maladie" wär fir präventiv Mesuren ze finanzéieren.

Eng vereelzten Nomenclature

D'Erneierung vun der Nomenclature (codifizéiert Akten) wier iwwerdeems dringend néideg, seet de Paul Schmit. Een Deel wier schonn erneiert ginn, zum Beispill bei de Soinen an am Fleegeberäich. Bei de Kinéen a Laboratoiren wär een am Gang. An de nächsten zwee Joer stéing d’Reform vun der Nomenclature vun den Dokteschakten un, an dat wär e schwieregen Dossier, esou de CNS-President. Duerno wär et un den Zänndokteren

"Eis Nomenclature ass vereelzt, an net méi un déi haideg Besoinen ugepasst. Dat verleet dozou, datt schlecht mat eis ofgerechent gëtt", seet de Paul Schmit. Eng Méiglechkeet wär fir eng Nomenclature aus dem Ausland ze iwwerhuelen. De President vun der CNS fënnt et awer besser "progressiv" ze negociéieren. Dat wëllt d’CNS elo ufänken. "Mol kucke wéi wäit mir domadder kommen", esou de Paul Schmit. Wann een sech net iwwer Verhandlungen eens géing ginn, da wär et un der Politik ze entscheeden.

E Sozialmodell op Käschte vun der Groussregioun

D'Steieren, de Pensiounssystem, d’CNS – ganz Lëtzebuerg – wär ofhängeg vun de Frontalieren, ënnersträicht de CNS-President weider. Lëtzebuerg géing der Groussregioun zwar vill Emploi bréngen. "Mee mir Lëtzebuerger liewe vu jonken, gutt qualifizéierten Aarbechtskräften aus dem Ausland, déi Aarbechte maachen, déi mir deels net wëlle maachen." D’Frontaliere géingen u staarke Cotisatioune bäidroen, vun deenen si fir e groussen Deel net géinge profitéieren.

De Lëtzebuerger Modell wär e Wuesstemsmodell, an et misst ee kucken op dee Modell éiweg kéint bäibehale ginn, a wat fir Risiken e mat sech bréngt, seet de Paul Schmit.

Spidolsreform a "médecine personnalisée"

2008-2010 hätt ee wéinst der Kris eng schwiereg Situatioun gehat, et wär awer net esou datt een en deemools mat der Gesondheetsreform e Kaalschlag hätt misse maachen. "Eise Sozialmodell ass adaptéierungfäheg wann et eng Kéier net méi duer geet", mengt de CNS-President. Et misst een sech awer dorobber virbereeden. Déi nächst Defie fir d’CNS wären : d’Spidolsreform an d'"médecine personnalisée".

E ganz groussen Defi vun der Spidolsreform wär d’Pilotabilitéit, an engem System wou verschidde Spidolsgruppen deels a Konkurrenz zouenee stinn a mat liberalen an deels salariéierten Dokteren, an ënnerschiddleche Spezialisatioune funktionéieren. Dernieft misst de System mëttelfristeg previsibel bleiwen.

Fleegesecteur: wéi eng Finanzhëllefe fir d'Prestatairen?

D’Prestatairen am Secteur vun de Fleegezerwisser hunn aktuell finanziell Schwieregkeeten. De Sozialminister hat ugekënnegt de Reseauen Help an Hëllef Doheem ënnert d'Ärem ze gräifen. D'Sue géingen awer op sech waarde loossen, hat de Generaldirekter vun der Croix-Rouge am Juli kritiséiert. De CNS-President ënnersträicht, datt dofir d'éischt eng legal Basis muss geschaaft ginn.

D'Fleegeversécherung baséiert op enger Leeschtungsfinanzéierung, wou d'Prestatairen alleguer déi läscht Joer gutt dovu gelieft hätten, an deels substantiell Beneficer gemaach hätten, seet de Paul Schmit. Bei Verschiddene géing et elo net méi duer goen, aus verschiddene Grënn. Et kéint een hinnen ënnert d’Ärem gräifen, wann d’Gesetz dofir adaptéiert géing ginn, an d’Modalitéite vun där Hëllef missten negociéiert ginn. Dat soll bis Ënn vum Joer geschéien. E Kritär vu der CNS wär et, fir eng Analysen ze maache wou d’Defiziter vun de Prestatairë Fleegesecteur hierkommen.

Carrièren a Kollektivvertragsverhandlungen

D’Upassung vun de Gehälter am soziale konventionéierte Secteur duerch d’Revaloriséierung vun de Carrièren (wéinst der Reform vun der Fonction publique), wäert e massiven Impakt op d’Gesondheetskeess hunn, esou de Paul Schmit. Et géing sech d'Fro stelle wéi dee finanziellen Impakt an der Zäit verdeelt ka ginn. Dem Sozialminister Romain Schneider no soll dat iwwert 30 Joer geschéien – 1% pro Joer. De Paul Schmit geet vu 40-50 Milliounen Euro d'Joer aus.

An der Fonction publique ass d’Revaloriséierung vun de Carrièren doriwwer eraus un Elementer gebonnen, déi d'Hausse vun de Salairen ophiewen, ënnersträicht de Paul Schmit. Notamment d’Astiegsgehälter an d’Evaluéierung.

Aktuell leien d’Kollektivvertragsverhandlungen op Äis well d’Fro vun de Carrièren net gekläert ass. De Kader vun deenen Diskussioune gëtt fir de Fleegesecteur an der Commission paritaire festgeluecht, wou Gewerkschaften, Patronat a Regierung vertruede sinn. Si solle berechne wat déi Reform kascht. Déi Gespréicher si bis elo net viru komm.