Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul Schroeder: "Ee ganz intensiivt Joer"

De CGDIS kuckt zeréck

Paul Schroeder: "Ee ganz intensiivt Joer"

Am Duerchschnëtt ass de CGDIS d'lescht Joer all néng Minutten intervenéiert, sou de Paul Schroeder op der Pressekonferenz zum Rapport iwwer d'Joer 2019. De Generaldirekter vum Pompjees- a Rettungsdéngscht seet, dass et ee ganzt intensiivt Joer mat enger ganzer Rei markanten Asätz gewiescht wier. Méi Vegetatiounsbränn wéinst dem dréchene Klima waren de Grond fir 2.180 Brandasätz, dat sinn der méi wei nach 2018. Zwee wichteg Facteuren an der Zukunft fir de Pompjees- a Rettungsdéngscht wieren de Wuesstem a Klimawandel. Och nach net gekläert, ass d'Iwwerféierung vun der Infrastruktur a Material vu verschiddene Gemengen an den 2018 gegrënnte CGDIS.

auto_stories

3 min

No der Grënnung vum CGDIS am Juli 2018 hätt all Konventioun scho sollten ënnerschriwwe sinn, d'Coronakris wier awer Schold un der Verspéidung. Dobäi geet et drëms, datt Infrastruktur a Material, wei zum Beispill Gefierer, vun de Gemengen dem Pompjees- a Rettungsdéngscht spéitstens zwee Joer no der Grënnung sollt iwwerdroe ginn. Dat wier elo och bal ganz ofgeschloss, sou d'Lydie Polfer. Mat 93 Gemenge wieren d'Konventiounen ofgeschloss a mat siwe si mer gutt am Gaangen se of ze schléissen."

Den Afloss vum Klimawandel op d'Aarbechte vum CGDIS

D'lescht Joer ass de CGDIS 61.000 Asätz gefuer, dat sinn der zéng Prozent méi wéi nach d'Joer virdrun. 88 Prozent dovu sinn op Persounerettung zeréck ze féieren. Den 10. Mäerz war een Héichpunkt mat 358 Interventiounen, de 17. August ee Minimum mat 112.

Markant wiren d'Asätz fir d'Begriefnis vum Grand-Duc Jean am Mee an d'Aarbechten am Mäerz wéinst dem Stuerm Eberhard gewiescht. Och d'Aarbechten nom Tornado goufe genannt, wou fënnef Deeg laang 850 Léit an Héichstzäite geschafft hunn.

D'Beispill vum Tornado géif weisen, wei een Impakt de Klimawandel och hei zu Lëtzebuerg huet, deen ee beim CGDIS betruechte muss, sou den Alain Becker. Fir de President vum Verwaltungsrot ass deen nieft dem Wuesstem vun der Populatioun ee wichtege Facteur fir d'Zukunft. Och de CGDIS misst sech enger Rei vun neien Erausfuerderunge stellen.

"Mir mussen eis och als CGDIS enger ganzer Rei vun néien Erausfuerderunge stellen. Ee méi dréchent Klima, huele mer als Beispill vum 9. August den Tornado, eng Form vu Naturkatastrophe, di mer sou nach net kannt hunn. Dréchent Klima bedeit och vill méi Vegetatiounsbränn, di mer läscht Joer haten a wou mer och do gefuerdert waren."

Wéinst Industriebränn an héijer Konzentratioun a Vegetatiounsbränn duerch laang Drëscheperiode kéint een dovunner ausgoen, datt een ëmmer méi oft domat konfrontéiert gëtt. Dat soll dowéinst méi an d'Ausbildung vun de Pompjeeën afléissen.

Undeel vu Fraen- an Net-Lëtzebuerger: Nach Loft no uewen

Weider heescht et am Bilan, datt 2019 100 néi Beruffspompjeeë bei den CGDIS dobäikomm sinn. D'Volontaire maachen nach ëmmer d'Majoritéit aus, ronn 54 Prozent, also 3.800 Leit schaffe beim CGDIS op fräiwëlleger Basis, am Verglach zum Virjoer sinn et der awer 150 manner. De Paul Schroeder gesäit ee Grond am CGDIS selwer. Hie wier sech bewosst, datt duerch d'Grënnung vum CGDIS eng Rei Leit d'Decisioun geholl hätten, fir net méi virun ze maachen.

De Generaldirekter betount awer, datt och virun der Grënnung vill Leit schonn an de Gemengen inaktiv waren. D'Zuel vun de Jugendpompjeeë wier onverännert. Déi kéint och mat der wuessender Populatioun klammen, als méigleche Grond, datt dat awer net geschitt, nennt de Paul Schroeder d'Opdeelung vun 80 Prozent Männer an 20 Prozent Fraen beim CGDIS. Ee weidere Grond fir de Generaldirekter wier, datt d'Personal sech net an der Lëtzebuergescher Gesellschaft spigelt.

"Wann ech elo d'Nationalitéiten huelen, da gesitt der 90 Prozent si Membere mat Pëtzbuerger Nationalitéit, wa mer wëssen, datt an der Bevëlkerung dobaussen d'Auslänner d'Hallschent vun der Bevëlkerung ausmaachen, dann ass et och kloer, datt mer mussen op deem Punkt an deene nächste Joren an eben och grad an der Jugend eis Beméiungen usetze fir och jonk Leit, déi elo vläicht net vun hei sinn, déi villäicht och réischt bäigezu sinn och ze weisen, datt se och d'Méiglechkeeten hu sech am CGDIS ze engagéieren."

An noer Zukunft sollen Initiative starte fir den Undeel vun de Frae bei de Pompjeeën ze erhéijen, sou de Paul Schroeder.

Weider heescht et, datt d'Formatioune fir d'éischt Hëllef dëst Joer ab dem 10. Oktober den Hygienemoosnamen entspriechend nees ugoen. D'lescht Joer sinn 1.500 där Formatiounen ugebuede ginn.