Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  George Riley - Running In Waves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: "Ech géif d'Affär mol sou roue loossen"

Fréizäiteg Impfung vum HRS-Verwaltungsrotsmemberen

Paulette Lenert: "Ech géif d'Affär mol sou roue loossen"

D'Affär ronderëm déi fréizäiteg Impfunge vun der Verwaltungsrotspëtzt vun den Hoptiaux Robert Schuman wier clôturéiert, seet d'Gesondheetsministerin. Op eis Nofro hi schwätzt d'Paulette Lenert vun Interpretatiounsdivergenzen.

auto_stories

2 min

Zwar wier et net esou geduecht gewiescht, datt Persounen ouni direkte Kontakt mat Patiente sollte fréizäiteg geimpft ginn, mee mëttlerweil hätt de Ministère awer mat de Responsable vum Spidoolsgrupp geschwat an déi hätten dat anescht interpretéiert, esou d'Paulette Lenert.


D'Paulette Lenertplay_arrow


"D'Iddi war fir d'Personal vun de Spideeler z'impfen. Bei hinnen ass dat op 'Service Essentiellen' ausgedeent ginn. Ech géif dat awer o net méi héich spille wéi dat wat et ass. Ech mengen dat ass net méi a manner wéi dat. Dat ass eng Interpretatioun wat ee ronderem Spidolspersonal versteet. Mir hunn dat éischter vun engem Point de vue ronderëm de Patient gesinn. A si hunn hire Conseil do mat englobéiert gesinn, well se deen als essentiell aschätzen. Dat ass eng Vue, déi ee kann hunn. Dat ass net onbedéngt déi Vue déi mir onbedéngt haten. Mee ech mengen, dat do ass en Eenzelfall ech géif dee Mol sou roue loossen."

Et géif och kee Grond bestoen elo d'Impfstrategie a Fro ze stellen, esou nach d'Gesondheetsministerin.

Eisen Informatiounen no krut de Spidoolsgrupp HRS virun der Impfung vun den dräi Conseilsmemberen explizitt vum Gesondheetsministère matgedeelt, datt de Verwaltungsrot net soll prioritär geimpft ginn. Dem hat de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, de Claude Schummer géintiwwer RTL widdersprach.

D'lescht Woch hate mir gemellt, datt dräi Membere vum Verwaltungsrot, de President Jean-Louis Schiltz an d'Vizepresidente Michel Wurth a Claude Seywert, géint Covid19 geimpft goufen, obwuel d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler dem Gesondheetsministère no réischt um Enn vun der zweeter Phas sollen un d'Rei kommen.