Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afghanistan: Plattform zweiwelt u geplangte Retouren

Asylpolitik

Afghanistan: Plattform zweiwelt u geplangte Retouren

Déi Lëtzebuerger Plattform "Afghanistan is not safe", déi sech géint Retouren an dat Land asetzt, gleeft net richteg drun, datt den Ausseministère tatsächlech kuerzfristeg dräi Afghane wäert zréck an hir Heemecht schécken.

auto_stories

3 min

"Afghanistan ass net sécher", argumentéiert d'Plattform scho méi laang (Foto: picture alliance / Photoshot)

Dräi Afghane solle vu Lëtzebuerg aus zréck an hiert Land geschéckt ginn, dat hat den Ausseministère dem radio 100,7 ufanks der Woch gesot. Op Nofro hin huet de Minister Jean Asselborn präziséiert: "Lëtzebuergesch hält sech un den EU-Afghanistan-Accord iwwer d'Réckféierung vu Flüchtlingen".

D'Agnès Rausch vun der Plattform "Afghanistan is not safe" seet awer, deen Accord wier ee politeschen an zu Lëtzebuerg net rechtskräfteg. "Mir hunn d'Genfer Konventioun ënnerschriwwen an d'Europäesch Mënscherechtskonventioun, et ass dat, wat rechtskräfteg ass. Datt den Här Asselborn elo vun dräi Leit schwätzt, ass - mengen ech - eng politesch Ausso".

"Ongewéinlech"

Den EU-Afghanistan-Accord gesäit vir, datt Afghanistan deboutéiert Asyldemandeuren zréck ophëlt an am Géigenzuch dofir vun der EU finanziell Hëllefe kritt. Ronn 14 Milliarden Euro sinn an deem Sënn bis 2020 virgesinn. Datt Lëtzebuerg an deem Kontext elo tatsächlech kuerzfristeg dräi Afghane soll zréckschécken, bezweifelt d'Agnès Rausch vun der Plattform awer.

Bis elo wieren der Plattform entspriechend Decisiounen net bekannt, wat "ongewéinlech" wier, seet si. D'Plattform - déi zéng Organisatiounen aus der Flüchtlingshëllef regroupéiert - huet eegenen Aussoen no enk Kontakter mat der afghanescher Communautéit. "Bei eiser Plattform si Leit vum Roude Kräiz, der Caritas, der Asti an dem Flüchtlingsrot dobäi. Wann déi dräi Leit vum Ministère gesot kritt hätten, si misste bannent kuerzer Zäit zréckgoen, dann hätten déi sech un eis gewannt, dovu gi mir aus".

"Keng imminent Retouren"

Bei enger rezenter Reunioun tëscht der Associatioun "Reech eng Hand" an der LSAP-Fraktioun wier och gesot ginn, et géife "keng imminent Retouren" ustoen, sou d'Agnès Rausch, déi Member vun där Associatioun ass. Si hofft, datt et net zu den ugekënnegte Retoure kënnt. A wann, datt déi Concernéiert elo sou séier wéi méiglech vum Ministère géifen informéiert ginn.

Afghanen, déi zréck an hir Heemescht geschéckt ginn, sinn do grousse Risken ausgesat, argumentéieren déi zéng Associatioune vun der Plattform scho méi laang. De Moment géif all forcéierte Retour enger "Violatioun vun de Mënscherechter" gläichkommen, seet d'Agnès Rausch.

Kritik un der Struktur an de Foireshalen

Kritesch gesäit d'Agnès Rausch vun der Plattform "Afghanistan is not safe" iwwregens awer och d'Situatioun an der Flüchtlingsstruktur an de Foireshalen um Kierchbierg, wou jo just nach Leit sollen ënnerkommen, déi kaum Chance op Asyl zu Lëtzebuerg hunn.

"Wa mer do déi trostlos an zukunftlos Leit zesummen an der Luxexpo hunn, a wann dat méi wéi ee Mount dauert, da kréie mer do ee Gewaltpotenzial, wat mir net méi an de Grëff kréien", sou d'Vertriederin vun der Plattform "Afghanistan is not safe". Et wier dofir wichteg, datt déi acceleréiert Prozedur, op déi déi Betraffen e Recht hunn, och wierklech agehale gëtt.

Zweiwel u Retouren an Afghanistanplay_arrow