Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Banke wäerte méi Eegekapital brauchen"

Risikofacteur Immobilien

"D'Banke wäerte méi Eegekapital brauchen"

Vum Immobiliesecteur hei am Land kéint ee méigleche systemesche Risiko ausgoen, dat wéilt een an de nächste Méint analyséieren. Dat schreift de Comité du risque systémique a sengem alleréischte Rapport, deen dem radio 100,7 virläit. An déiselwecht Richtung geet een Avis vum 1. Juli 2016.

auto_stories

5 min

"Dat heescht net datt d’Risiken an d'Luucht gaange sinn", heescht et vum Finanzministère (©Bigstock)

Wann eng Bank ee Kredit vergëtt fir eng Wunneng oder een Haus ze kafen, da stécht dohannert ëmmer ee Risiko, nämlech deen, datt dëse Kredit net zréckbezuelt gëtt. Datt dat bei enger grousser Zuel vu Leit am schlëmmste Fall de Bankesystem un d'Wackele ka bréngen ass bekannt. De Comité du risque systémique (Finanzministère, CSSF, CommAssu, Zentralbank) schléit a sengem Avis vir, datt de Facteur "Risiko" bei Immobilieprêten zu Lëtzebuerg méi Gewiicht kritt. Konkret gëtt eng nei Berechnungsmethod recommandéiert: den duerchschnëttleche Wäert vun der Riskogewiichtung soll doran net ënnert 15 Prozent leien.

De facto heescht dee Virschlag vum Comité, "datt d'Banke wäerte méi héicht Eegekapital brauchen", erkläert den Ulf von Lilienfeld, Professer op der Luxembourg School of Finance. Dem Finanzministère no louchen déi betraffe Lëtzebuerger Banke Mëtt 2015 am Duerchschnëtt ënnert deem Taux vu 15 Prozent. Dat heescht awer net, datt d'Riske vum Immobiliesecteur ënnerschat goufen, sou den Ulf von Lilienfeld. "De Comité du risque systémique mécht eng gutt Observatioun: nämlech datt een de Risiko vun Immobiliekreditter falsch berechent wann ee sech just zäitweileg d'Croissance vun de Präisser ukuckt".

Von Lilienfeld: Och an Zukunft Hausse vun de Präisser

Déi Approche géif näischt aussoen iwwer d'Kriseresistenz vun de Banken, seet den Unisprofesser. Wann d'Präisser eropginn, esou wéi dat de Moment de Fall ass, da kënne Créancieren nämlech am Fall vun engem Enkpass, hire Logement verkafen a sou de Prêt zréckbezuelen. D'Situatioun wier awer eng aner am Fall vun engem externe Schock. Wann et dem Lëtzebuerger Finanzsecteur op eemol méi schlecht géif goen wéi elo, dann hätt dat, zum Beispill, Konsequenzen op d'Immobiliepräisser, seet den Ulf von Lilienfeld. Wann d'Banken dann d'Gefill kréien, hier Creanciere kéinten d'Kreditter net zréckbezuelen, da géif dat sech negativ op déi Persounen auswierken déi ee Prêt ophuelen.

Tëscht fënnef a sechs Prozent ginn, dem Statec no, d'Immobiliepräisser aktuell pro Joer erop. Den Ulf von Lilienfeld geet dovun aus, datt dat och an Zukunft sou wäert bleiwen, well d'Wirtschaft weider wiisst. Een imminente Risiko gesäit hien net. Et wier trotzdem wichteg , datt d'Banken op méigleche Schocke vu bausse virbereet sinn. "D'Banke spillen eng wichteg Roll wann et ëm de systemesche Risiko geet, dofir ass et gutt wann se sech mat méi Eegekapital equipéieren".

"Et ass net am Interessi vun de Banke méi staark reguléiert ze ginn"

Ähnlech kléngt eng schrëftlech Matdeelung vum Finanzministère: "Den Avis bedeit, datt de Comité du risque systémique der Meenung ass, datt de Banken hir intern Risikomodeller sou kalibréiert bleiwe mussen, datt d’Banke kapabel bleiwen, fir Verloschter kënnen opzefänken, déi iwwert dem aktuell historesch déiwen Kreditausfäll leien. Dat heescht net datt d’Risiken an d’Luucht gaange sinn".

Den Unisprofesser Ulf von Lilienfeld geet dovun aus, datt d'Banke vun der Recommandatioun vum Comité du risque systémique net wäerte begeeschtert sinn. "Et ass net am Interessi vun de Banke méi staark reguléiert ze ginn, deemno wäerten si dës Recommandatioun net mat oppenen Äerm empfänken", sou den Ulf von Lilienfeld.

BIL: "Virsiichteg Gestioun"

D'Banken hätte lo zwou zwou Méiglechkeeten, sou den Unisprofesser: entweder si gi sech neit Eegekapital, oder eben och net. Falls net, da géif dat awer net ouni Konsequenze bleiwen: "Wann d'Banken entscheeden, déi nei Eegekapitalfuerderungen net duerch neit Eegekapital ze erreechen, mee doduerch, datt si d'Kreditter reduzéieren, da wier dat net gutt fir Persounen déi ee Kredit ophuelen".

Éischter entspaant gesäit een d'Situatioun bei der BIL. D'Bank géif de Moment een Taux applizéieren, deen iwwer 15 Prozent läit. Dat géif weisen, datt een eng "virsiichteg Gestioun" am Beräich vun den Immobiliekreditter hätt, sou d'Ausso vum BIL-Risikomanagement, an enger schrëftlecher Stellungnahm:"Il faut bien voir que le taux de pondération couvre en fait deux risques : 1/ le risque de crédit, à savoir le fait qu’un client ait des difficultés à rembourser tout ou partie du crédit que nous lui avons accordé et 2/ le fait que les crédits hypothécaires dans le bilan des principales banques luxembourgeoises, dont la BIL, soient relativement concentrés"

"Excellent a punkto Eegekapital"

D'Bank wier mat enger héijer Risikogewiichtung op méiglech Krisesituatioune virbereet, heescht et weider."La pondération de la BIL fait fi de l’histoire positive pour être suffisament capitalisée aujourd’hui en cas d’un retournement du marché, même généralisé, demain".

De Finanzministère léisst iwwerdeems och nach matdeelen, datt den Impakt vum Seuil vu 15 Prozent op déi betraffe Banken sech wäert a Grenzen halen. Lëtzebuerger Banke géifen a punkto Eegekapital "excellent" do stoen, an dat "souwuel an absoluten Zuele wéi och am Verglach mam Ausland – an iwwert zolidd Kapitalpuffer iwwert dem réglementaire Minimum verfügen. Dëst gëllt och fir déi Banken, déi lo als Konsequenz vun dëser Mesure, méi Eegekapital op d’Säit setze fir hier Risiken ofzedecken. Mee esouguer fir dës Banke wäert déi proposéiert Mesure nëmmen ee limitéierten Impakt hunn".

Op Nofro hin krute mir vu Spuerkeess, der BGL an och der Bankenassociatioun keng Reaktioun op den Avis vum Comité du risque systémique.

Audio 1play_arrow

Audio 2play_arrow