Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pedopsychiatrie stécht zu Lëtzebuerg "nach an de Kannerschong"

Versuergungsnetz

Pedopsychiatrie stécht zu Lëtzebuerg "nach an de Kannerschong"

D'Pedopsychiatere wëllen, datt bei der Prise en charge vu Kanner a Jugendleche pluridisziplinär zesummegeschafft a weider Strukturen am Extra-hospitalier geschaf ginn, esou d'Dokter Raymonde Schmitz. An den nächste Woche soll der Gesondheetsministerin ee Konzept virgeluecht ginn.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

Et feelt u Psychiateren hei am Land. Allgemeng - an och speziell an där Disziplin, déi sech ëm Kanner a Jugendlecher bekëmmert.

D'Dokter Raymonde Schmitz, déi selwer Pedopsychiater ass, betount, datt dee Manktem och scho viru Corona existéiert hätt. Mee e wier wéinst Corona nach méi däitlech ginn. Datt et un Nowuess feelt wier eng grouss Suerg:

"Et mussen der éischtens souwisou nokommen, well déi éischt, déi komm sinn, sinn elo geschwënn an engem Alter wou se vläicht a Pensioun ginn. An et ass jo och esou, datt dee ganze Beräich nach am Opbau ass. Also am Fong ass de Beräich vun der Kannerpsychiatrie hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong. A mir hu jo Hoffnung, datt nei Strukturen entstinn. An da brauche mer och Leit, déi do schaffen."

Nei Strukture fir Betreiung gefuerdert

D'Dr. Raymonde Schmitz schafft momentan mat un engem Konzept fir déi pedopsychiatresch Versuergung hei am Land ze verbesseren. Et ginn do zwou Haapt-Prioritéiten: éischtens missten d'Konditioune geschaaft ginn, fir datt bei der Prise en charge vu Kanner a Jugendleche pluridisziplinär zesummegeschafft ka ginn.

Zweetens missten, nieft de Jugendpsychiatrien an de Spideeler, och Strukturen am Extra-hospitalier geschaaft ginn, an deene jonk Patiente kënne betreit ginn:

"Déi extra-hospitalier Strukturen, déi ginn et an der Erwuessene-Psychiatrie scho laang, scho 70 Joer. An déi Centres de santé mentale, déi si säit 30 Joer do. Déi konnte sech entwéckelen, sech differenzéieren. Also do huet ee jo och schonn e Knowhow, deen ee vun do ka mathuelen. An dat feelt an der Kannerpsychiatrie."

An den nächste Woche wëllen d'Pedopsychiateren der Gesondheetsministesch hiert Konzept virleeën.