Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Isaac Delusion & Lucasv - Let Her Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Peer Review als Basis fir Diskussioun

radio 100,7

Peer Review als Basis fir Diskussioun

De Staats- a Medieminister Xavier Bettel äntwert op zwou parlamentaresch Froen zum radio 100,7. Hie wier bereet, iwwer Organisatioun a Gouvernance vum Radio ze diskutéieren. Als Basis soll d'Peer Review vun der European Broadcasting Union déngen.

auto_stories

4 min

De radio 100,7 wäert vum 15. Dezember u vun zwou Persounen aus dem Verwaltungsrot an engem 100,7-Mataarbechter geleet ginn.

No der Demissioun vum radio 100,7-Direkter Jean-Paul Hoffmann Enn September, haten déi gréng an d'LSAP sech mat Froen un den zoustännege Minister geriicht. Sechs Woche méi spéit leien Äntwerte fir déi zwou Froe vun de gréngen a vun de Sozialiste vir.

An dësen Äntwerte steet, datt een d'Peer-Review vun der EBU, der European Broadcasting Unioun, iwwer de radio 100,7 als Basis benotze kéint, fir iwwer den ëffentlech rechtleche Radio ze diskutéieren. Dëst Dokument stellt d'Onofhängegkeet vum Radio a Fro, well eleng d'Regierung déi néng Membere vum Verwaltungsrot nennt an de Budget definéiert.

EBU als Gespréichspartner

Diskutéiere wëllt een do zesumme mat den Deputéierten aus der Chamber an de Responsabele vum radio 100,7. E Punkt dee béid Politiker begréissen. Der Sam Tanson vun déi gréng no kéint awer d'EBU och selwer e Gespréichspartner sinn. D'Erfarungswäerter géife bei hinne leien an d'EBU géif wëssen, wéi dat am Ausland gehandhaabt gëtt.

Och de Franz Fayot ass der Meenung, datt d'EBU an der Fro sollt consultéiert ginn. Den LSAP-Politiker ass awer am grousse Ganzen enttäuscht vun der kuerzer Äntwert vum zoustännege Minister Xavier Bettel. Net op all Froen, déi hie gestallt hätt, hätt hien och eng Äntwert kritt.

Prozedur a Finanzéierung mussen iwwerschafft ginn

An dach begréisst de Franz Fayot, datt iwwer d'Zukunft vum radio 100,7 soll diskutéiert ginn. Ee Punkt iwwer deen do geschwat misst ginn, wier d'Nominatiounsprozedur vun neie Conseilsmemberen, esou d'Sam Tanson. Texter, déi et dozou géife ginn, wieren zimlech al an net präzis, och zum Beispill wat d'Kompetenze betrefft, déi ee bräicht, fir an dee Conseil ze kommen.

En anere Punkt wier fir déi gréng Politikerin de Finanzement:

"Do ginn et, mengen ech fir en ëffentlech-rechtleche Radio zwee Weeër. Deen een ass deen, datt een direkt aus dem Staatsbudget eng Portioun kritt, déi da muss negociéiert ginn an dat anert ass, datt et iwwer d'Form vun enger Redevance geet. Dat ass eng politesch Decisioun, déi awer mat allen Acteuren zesumme muss gefouert ginn."

Fir de Franz Fayot stelle sech och Froe ronderëm d'Onofhängegkeet vum Radio: "Ech mengen, dat ass ee vun de Punkten, déi ee muss diskutéieren am Kader vun enger Reform vum radio 100,7, déi an dëser Legislaturperiod muss gefouert ginn."

Eng Interimsléisung fir de radio 100,7

Béid Politiker haten an hire Question parlementairen no der Demissioun vum 100,7-Direkter Jean-Paul Hoffmann, och no der Interimsléisung fir den ëffentlech-rechtleche Radio gefrot. Am Conseil d'administration vum radio 100,7, dee sech leschten Donneschdeg gesinn huet, gouf elo d'Interimsléisung fir d'Direktioun decidéiert.

De Radio soll iwwergangsméisseg vun zwou Persounen aus dem Verwaltungsrot an engem 100,7-Mataarbechter geleet ginn, presidéiert gëtt dëse Comité vun der Nancy Braun. Eng Léisung, déi d'Sam Tanson begréisst. Et wier eng gutt Saach, datt dräi Persounen en charge solle sinn, "virun allem, wann nach Leit aus dem Radio selwer do matschaffen", seet si.

De Franz Fayot vun der LSAP fënnt déi Léisung awer méi problematesch:

"Ech mengen, dat doten ass e bëssen eng Noutléisung. Dobäi kennt, datt déi Haaptpersoun, Nancy Braun, eng gewësse politesch Vergaangenheet an der DP huet. Dat ass net onbedéngt ganz glécklech, en vue och vum Fait, datt mam Laurent Loschetter och schonn e Proche vum Premierminister an deem Conseil d'administration do sëtzt."

Séier en neien Direkter fannen

Den LSAP-Politiker erwaart sech vun der Interimsléisung net, datt "grouss revolutionär Decisiounen" geholl ginn, et misst een déi Leit awer trotzdeem mol fir d'éischt hir Aarbecht maache loossen.

Et géif elo drëms goen, esou séier wéi méiglech en neien Direkter ze fannen, deen d'Gestioun vum Radio iwwerhëlt, seet de Franz Fayot. Et misst een awer sécher goen, datt et eng Onofhängegkeet beim Choix vun dësem neien Direkter gëtt.