Radioen

On air

Notturno  |  Claude Pauly - Moorish Maze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Péiteng a Käerjeng raumen op

Schwéier Onwiederen

Péiteng a Käerjeng raumen op

Beim Passage vun engem Tornado, deen de Freideg schwéiere Materialschued am Raum Péiteng gemaach huet, goufe 14 Leit blesséiert. Um hallwer 3 an der Nuecht waren der nach zwee vun hinnen hospitaliséiert, deelt d'Regierung mat.

auto_stories

3 min

An deem Schreiwes ginn och weider Chiffere genannt. Sou ass engem provisoresche Bilan no de Schued zu Käerjeng am gréissten. Hei goufe ronn 100 Haiser beschiedegt, bei 30 Haiser wier den Dag komplett ofgedeckt ginn. D'selwecht goung et 30 Haiser zu Péiteng, wou och nach ronn 50 Haiser schwéier beschiedegt goufen, betraff waren awer och eng ganz Partie Autoen.
Héije Materialschued deemno, deem seng Héicht aktuell net anzeschätzen ass. Entstanen ass dat a ganz kuerzer Zäit, Aenzeie schwätze vun zéng Minutten, an deenen alles aus an u war.


Panorama vun 8 Auerplay_arrow


Foto: Pierre Reyland

D'Rettungsequippe ware gëschter Owend séier op der Plaz fir ze securiséieren, fir och op an ewech ze raumen. Offiziell Chiffere schwätze vun 200 professionellen a fräiwëllege Pompjeeën. Och ganz vill Privatleit haten sech afonnt, fir mat ville Schëppen a Biischten hëllefen opzeraumen. Beim CGDIS si gëschter tëschent 17 an 21 Auer ronn 1.000 Appeller agaangen.
Den Tornado huet eng Partie Héichspannungsmasten touchéiert, verschiddene riskéiere komplett ëmzefalen. Den Zuchtrafic tëschent Péiteng an der Stad Lëtzebuerg iwwer Dippech gouf an déi zwou Richtunge gestoppt.


De Pierre Reyland de Moie mat Informatiounen an Andréck vu Käerjeng:

Lauschterenplay_arrow

Käerjenger Leit erziele wéi si d'Situatioun erlieft hunnplay_arrow


Schock, Suergen a Solidaritéit

Dat sinn e puer Wierder, déi d'Situatioun vun den Awunner, déi vum Tornado betraff waren, beschreiwen. D'Maxi Pesch war sech e Bild op Käerjeng an op Péiteng maachen.

"Et huet alles därmoosse gekraacht a gerabbelt. An dem Zëmmer, an deem mäi Bop geschlof huet, do ass direkt d'Fenster futti gaangen." "Et ass vun enger Minutte op déi aner komm, a wéi ech gekuckt hunn, do hat ech keen Daach méi iwwer dem Kapp." "Ech weess elo wéi d'Leit an Amerika sech fillen. Ech hunn hannenaus gesinn d'Stecker duerch d'Géigend fléien." "Also fënnef Minutten huet et gedauert, d'Welt ass ënnergaangen, fäerdeg. Aus die Maus. Et ass net méi ze soen.". "Ech schlofen net doranner den Owend."


D'Maxi Pesch huet an der Nuecht éischt Reaktioune vun Awunner gesammeltplay_arrow


Den Tornado huet e Bild vun der Verwüstung hannerlooss, mee trotz dem grousse Schued war d'Solidaritéit grouss.

Mir hu lo mol eng Baasch iwwer den Dag gemaach beim Kolleeg senger Schwéiermamm. Well soss leeft de Reen jo era bis ënnen hinner. An elo ass dat awer mol provisoresch zou bis e Méindeg, do kënnt de Leeëndecker schonn. A meng Mamm si huet 87 Joer a wunnt eleng hei. Dofir si mir heihi komm a mir waren iwwerfuerdert.

Foto: Pierre Reyland

Och d'Gemengen hu reagéiert. Zu Käerjeng konnten déi Leit, déi net doheem konnte schlofen, sech am Kulturzenter hëllefe loossen, seet de Frank Pirrotte.

Et kommen och elo Transportméiglechkeeten, fir datt mir déi Leit kënne verdeelen. A mir hu verschidden Hotelle kontaktéiert, déi hu gesot, datt se Disponibilitéiten hätten, déi Leit ënner Dag ze kréien.

D'Suerg, wéi et elo weidergeet ass grouss.

Mir musse lo kucken mat der Assurance ...