Pensionéierung Colonel Ries net verfassungskonform

D’Pensionéierung vum Colonel Nico Ries, sou wéi se am Juli 2011 vum deemolege Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf decidéiert gouf, verstéisst géint d’Verfassung. Dat geet aus engem Arrêt vum Verfassungsgeriicht vum 29. November ervir. De Gesetzes-Artikel, deen d’Pensioun’e vu Staatsbeamte regelt an op dee sech an deem heite Fall beruff gouf, ass net conforme mat der Verfassung, heescht et am Text vum Arrêt, dee nach net am Mémorial publizéiert ass mee dem Radio 100,7 virläit. Elo muss d’Verwaltungsgeriicht entscheeden, ob deen Artikel inapplicabel ass, an deemno d’Pensionéierung vum Colonel Ries muss annuléiert ginn. Den deemolege Chef d’Etat-Major Nico Ries gouf Enn 2007 vum Verdeedegungsminister Jean-Louis Schiltz als Planificateur an de Verdeedegungsministère versat. Well hie ni ee valabele Gronn fir seng Versetzung kritt hätt an aus Protest géint dat wat hien als Muechtmëssbrauch vu Politiker ugesait, wiert sech de Colonel Ries zënter deem juristesch géint di sëllech Regierungs-Decisiounen.

De Bäitrag vum Michel Delage

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/MD-Ries.mp3"]

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen