Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pessimismus (a bëssen Optimismus) virun der Klimakonferenz

Chronik

Pessimismus (a bëssen Optimismus) virun der Klimakonferenz

Déi wichtegst Welt-Klimakonferenz zanter Paräis am Joer 2015 fänkt dëse Sonndeg zu Glasgow, a Schottland, un. Dës Kéier geet et net méi drëms e grousst Verspriechen an e globalen Akkord ze fannen. Nee, op dëser COP26 sollen all Länner nach eng Kéier weisen, wat si genee maache wäerte fir d'Äerderwiermung ze limitéieren. Eise Korrespondent Philip Crowther ass och op der Plaz wärend dësen zwou Wochen.

auto_stories

2 min

Dës 26. Welt-Klimakonferenz fänkt net eréischt dëse Sonnden zu Glasgow un. Vläicht am wichtegsten ass dat, wat zu Roum dëse Weekend geschitt. Do kommen d'Stats- a Regierungscheffe vum G20 zesummen, déi 20 räichst Länner op der Welt. Si solle kollektive Wëlle weise fir dat grousst Versprieche vu Paräis anzehalen.

Gebremst mee net gestoppt

Dat Versprieche war fir enger Äerderwiermung vun 2 Grad Celsius par Rapport zum 19. Joerhonnert zouzesteieren, a wa méiglech 1,5 Grad Celsius als méi ambitionéiert Zil ze erreechen. Mee nei Verspriechen a konkret Pläng vun eenzele Länner an och vun der Europäescher Unioun, ginn net duer. 2,2 Grad Äerderwiermung ass den Ament méi realistesch, a passt net an d'Paräisser Klimaofkommes. D'Klimakatastroph géif esou just e bësse gebremst ginn, a sécher net gestoppt ginn.

Zu Glasgow, mee besonnesch zu Roum dëse Weekend, kënnen déi räichst Länner awer nach eng Kéier gudde Wëlle weisen. De Klimawandel soll beim G20 d'Haapttheema sinn. Méi einfach wéi bei anere Sommete wäert et dëst Joer scho sinn, wann och nëmme well d'USA nees mat um Dësch setzen, mat de Länner déi de Klimawandel eescht huelen.

Mee en Joe Biden am Plaz vun engem Donald Trump geet net duer, well en amerikanesche Plang fir am Joer 2050 klimaneutral ze sinn ass bis elo just e Plang. Déi eenzel Deeler mussen et duerch den amerikanesche Kongress packen, wou Republikaner a konservativ Demokraten där Saach am Wee stinn.

China ouni wierklech nei Pläng

Optimismus gëtt et vun amerikanescher Säit trotzdeem, zum Beispill vun den USA hirem Haaptmann a Saache Klima, dat ass de fréieren Ausseminister John Kerry. Mee och hien huet zu London gewarnt, datt et zu schreckleche Konsequenze komme kann.

D'Versprieche vu ville Länner sinn effektiv eropgeschrauft ginn, mee wann e Land wéi China net matmécht da gesäit et schwaarz aus. Gëschter huet Beijing den neie Plang virgestallt an do gëtt et näischt Neits. Klimaneutralitéit ka vu China eréischt fir 2060 erwaart ginn, méi spéit wei et d'USA an d'EU wëllen. China ass jo dat Land mat de gréissten CO2-Emissiounen.

Vläicht kann um G20-Sommet nach e bësse gudde Welle gewise ginn, soss fänkt de Klima-Sommet hei zu Glasgow mat vill Pessimismus un. Dës COP26 gëtt als lescht gutt Méiglechkeet ugesi fir d'Emissioune vun den Zäregaser méi oder manner séier kollektiv ze reduzéieren.