Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Petitionäre weise sech onzefridden nom Debat Public

Referendum iwwer Verfassungsreform

Petitionäre weise sech onzefridden nom Debat Public

D'Chamber geet net méi op de Wee fir selwer eng Initiativ ze starten, fir e Referendum iwwer déi geplangte Verfassungsrevisioun.

auto_stories

2 min

Et soll awer vill besser iwwer d'Grondgesetz an déi geplangte Changementer informéiert ginn - dat war d'Conclusioun de Mëtteg nom Debat Public iwwer déi ëffentlech Petitioun zu dësem Theema. Eng Petitioun, déi eng Rekord-Zuel vun 18.645 Leit ënnerschriwwen haten.

Petitionäre werfe Politiker Angscht vir

De Petitionär Gérard Koneczny huet nom Debat gesot, hie wier net zefridden, well d'Versprieche vun engem Referendum net géif gehale ginn. Hien hat sech gewënscht, datt d'Wieler iwwer d'Verfassungsreform solle kënnen decidéieren. Senger Meenung no géifen déi véier grouss Parteie fäerten, e Referendum ze maachen.

De Luc Deitz, deen de Gérard Koneczny beim Debat ënnerstëtzt huet, huet d'Politiker iwwerdeems gewarnt:

"Wann dir wëllt, dass nach iergendee Wieler an dësem Land iech nach an iergendengem Dossier (...) an Zukunft nach iergendeppes gleeft, dann ass et ee vun Iech initiéierte Referendum, deen är leschte Chance ass."

Dozou wäert et awer net kommen, wéi d'Presidentin vun der Chamber-Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt (CSV) nom ëffentlechen Debat däitlech gemaach huet.

"Et ass evident gewiescht, datt hei majoritär d'Chamber op de Wee gaangen ass fir elo net selwer eng Initiativ méi ze starte fir de Referendum ze maachen."

D'Nancy Kemp-Arendt huet an Aussiicht gestallt, datt bei de geplangte Changementer um Grondgesetz den Informatiouns-Effort soll verstäerkt ginn.

Dësen Effort, deen op dräi Sprooche soll lafen, wier eng eestëmmeg Conclusioun, nom Debat Public iwwer d'Petitioun, déi e Referendum iwwer déi ganz Verfassungsrevisioun verlaangt hat.