Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Petitioun iwwer Remboursement vu Rechnung vu Psycholog:innen

Remboursement

Petitioun iwwer Remboursement vu Rechnung vu Psycholog:innen

Débat public an der Chamber iwwer eng Petitioun, an där gefrot ginn ass, datt een d'Rechnung vu Psycholog:inne rembourséiert kritt. 5.500 Leit hunn dat Uleies mat hirer Ënnerschrëft ënnerstëtzt, 1.000 méi wéi néideg fir eng Diskussioun an der Chamber ze kréien. Déi war gëschter Mëtteg, an do ass net ëmmer kloer gewiescht, iwwer wat géif geschwat ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi aktuell Diskussioun iwwer d'Prise en charge vun de Psychotherapien ass dorun net onschëlleg: datt do soll zeréckbezuelt ginn, doriwwer gëtt et e breede Konsens an der Politik.

Et gëtt awer Sträit tëscht der CNS a Fapsylux, dem Beruffsverband vun de Psychotherapeut:innen. E Freideg hätt dee Konflikt u sech an d'Mediatioun solle goen, mee dat ass net geschitt, well d'Fapsylux nach Verschiddenes juristesch wëllt kläre loossen.

Datt eng einfach Consultatioun - also keng Therapie, mee eng Berodung bei Psycholog:innen (wéi an der Petitioun gefrot) soll rembourséiert ginn, dat geet guer net am Moment, well net-klinesche Psycholog:innen net als Gesondheetsberuff unerkannt ginn.

Nach net, mee dat kënnt vläicht: d'Fro soll allzäit diskutéiert ginn. Dat war eng vun de Conclusiounen nom Debat.

Eng perséinlech Situatioun

Déi aner hat eppes mam Temoignage vun der Petitionärin ze dinn. D'Paula Antunes Quinteira huet hir perséinlech Situatioun erzielt, si huet virun e puer Joer hire Mann verluer, hir zwee Kanner also de Papp.

U sech hätten déi dräi psychologesch Hëllef gebraucht, mee dat konnt d'Famill sech net leeschten:

"Dann hunn ech léiwer mäi Meedche léisst sech betreien, an ech bleiwen dann eben eraus. Ech kucken, datt ech dann eben eleng eens ginn mat menge Suergen, mat menge Problemer, mee Haaptsaach d'Kand huet Betreiung."

Wat tragesch ass: well dem Meedchen hätt kënne gehollef ginn, ouni datt dat déi finanziell Méiglechkeete vun der Petitionärin erschöpft hätt. Mee keen huet d'Famill op déi vill verschidde gratis Berodungsoffere vun Associatiounen opmierksam gemaach, déi et doruechter gëtt - net nëmme, mee vrun allem fir jonk Leit.

Deen Defizit soll elo mol prioritär ugepaakt ginn, huet et nom Debat geheescht.