Philippe Schrantz gëtt neie Generaldirekter vun der Police
De Philippe Schrantz gëtt neien Generaldirekter vun der Police. De Jeff Neuens gëtt Chef vun der Police judiciaire an d’Monique Stirn iwwerhëlt d’Spëtzt vun der IGP, der Inspection Générale de la Police. Dat huet den zoustännege Minister, Etienne Schneider, den Deputéierten an der Press confirméiert. Déi Nimm zirkuléiere jo schonn eng Zäitchen an de lëtzebuerger Medien.
Wéinst dem Vertrauensbroch tëschent dem Kader an dem Corps an der Police, hat den Etienne Schneider am Juni déifgräifend Changementer ugekënnegt. Dozou gehéiert och eng generell Reform vun der Police. No enger Rei internen an externen Audite sollen dofir d’nächst Joer d’Texter deposéiert ginn.
De Romain Nettgen gëtt säi Mandat am Februar d’nächst Joer op. Säin Successeur, Philippe Schrantz, ass zënter 2011 Personal-Chef bei der CFL. Virdru war hien Personalchef bei der Police. Adjoint gëtt den Donat Donven, Regional-Direkter zu Esch. D’Nominatioun vu béide Beamten ass dann och fir ufank Mäerz virgesinn.
De Minister vun der "Sécurité intérieure", Etienne Schneider:
Firwat gëtt eng Magistratin, déi aktuell Untersuchungsriichterin, Monique Stirn, Cheffin vun der IGP. Dozou den Etienne Schneider:
Den CSV-Deputéierten a fréieren zoustännege Minister fir d'Police, Jean-Marie Halsdorf, sot de Mëtteg an enger éischter Reaktioun dat hei: