Philosophie eventuell keng Leitdisziplin am Wäerteunterrecht

D’Philosophie soll eventuell net als Leitdisziplin fir den neie Wäerteunterrecht zréck behal ginn. Dat huet den Educatiounsminister am 100,7 Interview ugedeit. De Claude Meisch envisagéiert fir éischter eng sougenannte “pluridisziplinär Approche” ze privilegiéieren. An deem Fall hätten d’Relioune méi Gewiicht am neie Cours.

Claude Meisch

Wann et am Aarbechtsgrupp kee Konsens géif, misst d’Politik tranchéieren, esou de Minister. De Cercle vun de laizisteschen Associatioune reprochéiert an engem Communiqué dem Educatiounsminister, datt hien d’Philosophie net als Leitdisziplin vum Cours wëll zeréckzebehalen.

Dëse Mount sollen nach dat pädagogescht Konzept an d’Inhalter vum geplangtene Wäerteunterrecht publizéiert ginn. Ännerungen um Konzept wäerten et dem Claude Meisch no dann awer just nach op Detailfroe méiglech sinn. Dernieft confirméiert de Minister, datt dëst Joer rëm Theologen am Enseignement secondaire agestallt gi sinn.

Am Aarbechtsgrupp iwwert de Wäerteunterrecht sinn ënnert der Leedung vum Bildungsexpert Jürgen Oelkers esouwuel d’Reliounsenseignanten, wéi d’Enseignantë fir de Sozial- a Moralunterrecht vertrueden. D’Membere vum Aarbechtsgrupp krute vum Minister verbuede fir no baussen hin ze kommunizéieren.

Audio: Reportage vum Mick Entringer vum 6. Oktober 2015:

De ganzen Interview mam Educatiounsminister Claude Meisch:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen