PID: Europa-Wahlprogramm
D’Partei fir integral Demokratie, PID, vum Jean Colombera huet de Moien op engem Kongress zu Dummeldeng hiren Wahlprogramm fir d'Europawahlen ënnert dem Titel "Europa, eng aner Visioun" ugeholl. Schwéierpunkten sinn fir d'PID, datt Europa fräi, selbstänneg an onofhängeg gëtt. An anere Wieder: Europa misst fräi ginn vun Drock vu Baussen a vu Lobbyisten.
Déi 6 Kandidaten, déi fir d’PID an d’Wahle ginn, ware schonn am Januar festgehal ginn. Et sinn de Spëtzekandidat Jean Colombera, de Romain Philipp, den Daniel Freres, de Laurent Gretsch, den Felix Monteiro an d’Alexandra Figueira.
Den Interview vum Sophie Morang mam Jean Colombera: