Radioen

On air

De Weekend  |  Blonde Redhead - Snowman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ PID trennt sech vu Piratepartei

Parteibündnis

PID trennt sech vu Piratepartei

D'PID trennt sech vun de Piraten. Dat huet de Virstand vun der Partei fir integral Demokratie gëschter an engem Schreiwes matgedeelt. Als Grënn ginn eng chaotesch Virgoensweis an intern Streidereien an der Piratepartei genannt. D'Ukënnegung wier iwwerraschend fir d'Pirate komm.

auto_stories

2 min

De Marc Goergen, Coordinateur vun de Piraten, wier d'Trennungspläng vun der PID iwwer de Sven Clement gewuer ginn. Et hätt een d'Piraten net virgewarnt, esou d'PID-Presidentin Angelika Dasbach. D'Kommunikatioun tëschent béide Säiten hätt zanter de Chamberwahle brooch geleeën. Et wier guer net méi mat der PID diskutéiert ginn, wéi ee fir d'Europawahle wéilt virgoen.

Keng Kommunikatioun tëschent PID a Piraten

Jiddwereen, deen hätt wëlle fir d'Europawahle matschaffen, hätt dat kënne maachen, esou de Marc Goergen vun de Piraten. Dat léisst d'PID-Presidentin awer net gëllen.

"Weder wousste mir wou a wéini ee Meeting iergendwou stattfënnt. Weder wou ee sech mol eventuell kann ofschwätze wéi mir virginn, fir déi ganz Wahlen. Och mat der Wahlpropaganda si mir guer net mat abezu ginn."

D'Entscheedung fir sech vun de Piraten ze trenne wier eestëmmeg am Comité vun der PID getraff ginn, esou nach d'Angelika Dasbach.

PID-Membere ware bei Piraten aktiv

De Marc Goergen hätt eegenen Aussoen no am léifsten eng Fusioun tëschent béide Parteie gehat, an de Jean Colombera hätt wëlle méi Verantwortung am Wahlbezierk Norden iwwerhuelen. Dat hätt hien dem Marc Goergen och perséinlech gesot.

PID-Membere wieren och ganz aktiv bei de Pirate gewiescht, seet de Marc Goergen, wéi zum Beispill d'Marie-Paule Dondelinger, déi den Ament Co-Spriecherin vun de Piraten a Presseattachée vun der PID ass. Si soll dem Schreiwes vun der PID no awer no de Comitéswahle kee Member vum Virstand méi sinn. D'PID géif iwwerdeems weiderhin als eegestänneg Partei bestoe bleiwen. Et géif een awer eventuell d'Kooperatioun mat enger anerer Partei sichen.


Detailer mam Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow