Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Gramegna hëlt neien Ulaf

ESM-CHEF

Pierre Gramegna hëlt neien Ulaf

De fréiere Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna wëllt Chef vum "Europäesche Stabilitéits-Mechanismus" ginn. Op dee Poste wëllen nieft dem Pierre Gramegna dräi aner Kandidaten. Wéi stinn dem Lëtzebuerger seng Chancen?

auto_stories

3 min

Den ESM ass eng Institutioun vun de 19 Länner aus der Europäescher Unioun, déi den Euro als Wärung hunn. Hire Sëtz ass zu Lëtzebuerg. No zéng Joer un der Spëtzt vum ESM an zwee Joer un där vum Virgänger, dem Euro-Rettungsfonds EFSF, geet den 71 Joer ale Klaus Regling an d'Pensioun.

Véier Kandidaten - Decisioun fält am ESM

Op säi Poste wëllen nieft dem Pierre Gramegna dräi aner Kandidaten: Den EU-Fonctionnaire Marco Butti, dem Italiener ass den Ament Chef de Cabinet vum Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni. Den Hollänner Menno Snel, fréiere Staatssekretär am Finanzministère an de Jao Leao, wéi de Pierre Gramegna ee fréiere Finanzminister.

Wien déi meeschte Chancen huet ass schwéier soen. De Pierre Gramegna hat schonn zwee Mol probéiert Chef vum Eurogrupp ze ginn. Do hat hien all Kéiers net genuch Stëmme vu senge Ministerkolleegen kritt.

Des Kéier ass d'Prozedur eng aner. De Poste gëtt offiziell net vum Eurogrupp ma vum Conseil vum ESM besat. An deem Conseil weit d'Stëmm vun engem Land jeeweils esou vill ewéi säin Undeel um Kapital vum ESM - wat bedeit, datt déi vun de staarke Wirtschaftsnatioune Frankräich an Däitschland déi wichtegst Roll spillen.

Aus däitsche Kreesser war ze héieren, datt een ee Favorit hätt, et gouf awer net gesot wéi een. Der däitscher Dageszeitung FAZ no wier de Pierre Gramegna de Favorit vum Finanzminister Christian Lindner.

Zukunft vum ESM ongewëss

Den ESM huet iwwerdeems an de leschte Joren u Bedeitung verluer. Besonnesch zanter der Pandemie gräifen d'EU-Länner op de Corona-Hëllefs-Fonds zeréck. Vun den 240 Milliarden Euro Kreditter, déi den ESM de Länner um Ufank vun der Pandemie als Hëllef offréiert huet, hat keen Euro-Land Gebrauch gemaach. Dat obschonn d'Suen net un déi soss streng Critère gebonne waren. Trotzdeem wier hien iwwerzeegt, datt den ESM mat dozou bäigedroen huet, d'Marchéen an der Krisenzäit ze rassuréieren, schreift de Pierre Gramegna a sengem Bewerbungsbréif fir Chef vum ESM ze ginn. Och an der Post-Pandemie-Welt mat hire geännerte geopolitesche Verhältnisser misst den ESM eng wichteg Roll spillen a weider fir Stabilitéit a Sécherheet an der Eurozon suergen. De Lëtzebuerger hieft och seng Sproochekapazitéiten a seng Motivatioun déi verschidde Positiounen an der Eurozon zesummenzebréngen.

Et ass éischter onwarscheinlech, datt et haut net zu enger Decisioun kënnt.
Et ass awer net ausgeschloss, datt et zum engem indikative Vott an der Sitzung am Méindeg Nomëtteg kënnt. D'Decisioun fält dann Uganks Juni an där nächster Sitzung vum Conseil vum ESM zu Lëtzebuerg.


Update vum 24.05.2022

Wéi erwaart, hun d'Finanzministeren aus der Eurozon op hirer Reunioun gëschter keng Decisioun iwwert d'Successioun vum Klaus Regling un der Spëtzt vum "Europäesche Stabilitéits-Mechanismus", dem ESM, geholl.

Nodeems den Hollänner Marco Snel seng Kandidatur zeréckgezunn huet, sinn nach dräi Männer am Rennen fir ESM-Chef ze ginn. Een dovun ass de fréiere Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna. D'Décisioun fällt den 16ten Juni am Conseil vum ESM.